En Donneschden hu mir ganz inoffiziell de Start vun der Chrëscht-Saison 2021 ageleet!

An net mol méi 100 Deeg ass Chrëschtdag! A wann dat kee Grond ass, fir d'Chrëscht-Saison ze starten, da wësse mir et och net.

De Charel aus der Morningshow kann et kaum erwaarden... deen éischte Liefkuch, dat éischt Glas Glühwäin an déi schéinsten an nervegst Ouerewierm ronderëm Schnéi, Léift a Kitsch am Ouer! D'Virfreed ass riseg! An dass d'Eldoland och eppes dovun huet, huet de Charel en exklusiven Eldo-Chrëscht-Kuerf verspillt.

Gewënnspill!

Fir déi perfekt Chrëscht-Ambiance ze schafen, dierfen déi passend Kleeder net feelen! Dofir hutt dir ären Ugly Christmas Jumper aus dem Schaf gekromt oder är Kleeserchersmutz iwwert de Kapp gezunn.

Gewonnen huet d'Carole!

RTL

© Eldoradio

RTL

© Eldoradio

Mir wënschen iech vill Spaass a Virfreed. A vergiesst net: no Chrëschtdag ass viru Chrëschtdag! Et ass ni ze fréi, fir a Chrëscht-Stëmmung ze kommen.

Kuckt hei d'Fotoen