Haut den Owend trëtt de Paul Kalkbrenner an der Rockhal op.

No 18 Méint ouni Show leeft de Paul Kalkbrenner elo erëm waarm. Nodeems hien seng nei Single ‘Si Soy Fuego’ eraus bruecht huet, ass den däitsche Museker op Tour an trëtt haut den Owend an der Rockhal op.

D'Diere ginn um 19 Auer op. De Concert vum Paul Kalkbrenner fänkt um 20h45 un.

No laanger Paus zu Lëtzebuerg wäert haut deen éischte grousse Concert virun dausende Leit an der Rockhal sinn.

Weider Informatiounen zum Concert fannt dir op atelier.lu oder op Facebook.

Fir an déi richteg Stëmmung ze kommen, kuckt iech hei dem Paul Kalkbrenner säin Optrëtt um EXIT Festival 2021 un.