Och dëst Joer kann een an der Stad erëm dobausse Schlittschong fueren an zwar op der Kinnekswiss am Park.

Direkt nieft dem Glacis gëtt et eng 850m2 grouss, deelweis iwwerdaachten Äispist, op där Grouss a Kleng hire Spaass wäerten hunn. Donieft erwaarden iech och e Foodvillage, DJs a virun allem eng gemittlech Wanterambiance!

E Besuch op de Winterlights on Ice ass en eenzegaartegt Erliefnis fir déi ganz Famill.

RTL

© Screenshot Google Maps

Datumer & Ëffnungszäiten

Winterlights on Ice ass vum 19. November 2021 bis den 2. Januar 2022.
De 24. a 25. Dezember ass zou.

Sonndes bis Donneschdes ass op vun 11h bis 22h
Freides a Samschdes ass op vun 11h bis 23h 

D'Keess ass all Dag eng Stonn virun der Fermeture vun der Schlittschongpist zou.

Animatioun

DJ Nights
Sonndes bis Donneschdes vun 18h bis 21h
Freides a Samschdes vun 18h bis 22h

Mobil Museksgruppen
Samschdes a Sonndes vu 14h bis 17h

Praktesch Informatiounen

Dir kënnt är eege Schlittschong matbréngen, natierlech kritt dir der awer och geléint. Iwwer 500 puer Schlittschong an alle Gréisste waarden op iech. Et gëtt eng Vestiaire an och eng gehëtzte Waardeplaz bei de Schlittschong.

Fir den Zougang op d'Winterlights on Ice gëlt de CovidCheck-System.

De komplette Programm a weider Informatioune fannt dir op winterlightsonice.lu

Gewënnspill

Maacht mat a gewannt e Winterlights on Ice Package.

>>> Spillt elo hei mat.