Vum 13. bis de 15. Mee ass d'Life Expo an der LuxExpo The Box.

Nom grousse Succès vun 2021 kënnt d'LIFE EXPO zeréck, an zwar ganz am rouden fir d'Fréijoers-Editioun.

Wat gëtt et alles op der LIFE EXPO: red edition?

  • 200 international Tattoo-Artisten
  • 60 Aussteller aus dem Domaine Lifestyle
  • After-Party mam Dresscode : Rout
  • Shopping vun originale Produite vu gudder Qualitéit 
  • Food-Beräich mat diverse kulinareschen Offeren 
  • Verschidde Bars mat gemittlecher Party-Ambiance
  • Life Awards 2022
  • Erlieft nei Andréck an den diversen Atelieren, organiséiert vun der LIFE EXPO
  • Kuerzzäiteg gesponsort Open Bars, wéi zum Beispill Fräibéier

D'Editioun vun 2021 huet iech gefall? Ma dat war just d'Generalprouf fir d'Editioune vun 2022!

Lifestyle - Tattoos - Party

D'Life Expo bezitt sech op 3 grouss Themen: Lifestyle, Tattoos & Party.

De Lifestyle léisst vill verschidde Beräicher mat enee verschmëlzen: Kosmetik, Moud, Esthetik, Gefierer, Konscht, Gaming, Technologie... Also alles, wat am Beräich Consommatioun läit.

D'Konscht vum Tätowéiere gëtt hei grouss geschriwwen an dëse Beräich ass natierlech gutt vertruede mat 200 Këntschler aus der ganzer Welt, mat diverse Konschtstiler a -richtungen.

An net ze vergiessen: Party! Nodeems d'Nuetsliewe quasi 2 Joer laang op Äis lung, ass et un der Zäit ze feieren! Dat mat jonken, talentéierte Lëtzebuerger DJs, verréckten Aktioune wéi zäiteweis Fräibéier, alles an enger cooler, rouder Ambiance passend zur "Red Edition".

Ganz nei dëst Joer: d'BLACK BOX

D'Black Box: e Raum, 2 op 3 Meter, komplett schwaarz an däischter. Hei kënnt dir eragoen, wann dir iech dann traut! A lauter flott Präisser gewannen, wéi zum Beispill 1.000€ CASH!

Eldoradio schéckt iech gratis op d'Life Expo

Schreift iech hei an a gewannt mat Chance eng Koppel Entréestickete fir déi 3 Deeg kënnen op d'Life Expo ze goen.

Kuckt hei den Trailer