Vum 20. bis den 28. Mee ass erëm Drive In Cinema um Iechternacher Séi ugesot!

Déi perfekt Kombinatioun aus purem Kinogenoss a Canapésfeeling.

Drive in Cinema um Iechternacher Séi

Mol erëm Loscht op Kinosfeeling? Da kommt vum 20. Mee un op den Iechternacher Séi & erlieft op der gréisster Leinwand an der Groussregioun insgesamt 9 Filmer bequem an ärem Auto mam Audio direkt aus ärem Autosradio!

Lass geet et all Dag um 20h00 - de Film fänkt no Abroch vun der Däischtert un (ongeféier ëm 21h45)!

Kaaft iech elo hei är Tickete fir d'Filmer. Kinofood, Iessen & Gedrénks gëtt et op der Plaz!

Weider Informatioune ginn et op cinesura.com

Drive in Cinema vum 20. bis de 28. Mee 2021 zu Iechternach um Séi!

Spillt hei mat a gewannt eng Autosplaz fir e Film au Choix.

Ticketen

En Ticket kascht 9€ / fir Studenten a Schüler 8€ / bei Iwwerlängt +1€
Ee Familljen-Ticket fir 2 Erwuessener + 2 Kanner kascht 32€.

Tickete kann een online kafen op www.cinesura.lu
oder den Dag selwer an der Oweskeess. Acceptéiert gëtt Cash,
Digicash a Bankomatskaart.

Kaaft Iech hei är Tickete fir:

Kuckt hei d'Fotoe vum Drive In Cinema 2020 um Iechternacher Séi