
© Queer Arts Festival
Dëse Weekend ass de groussen Opening vun der Luxembourg Pride Week 2022 mam Queer Arts Festival.
Entdeckt dëse Samschdeg a Sonndeg Queer Konscht, Kultur an d'Geschicht vun der LGBTIQ+ Community zu Lëtzebuerg am Batiment 4 zu Esch.
Wat gëtt gebueden?
- Literatur
- Molerei
- Fotografie
- Danzen
- Musek
- Poetry Slam
a villes méi!
Luxembourg Pride
Duerno ass eng ganz Woch am Zeechen géint Diskriminéierung a fir Diversitéit!
Dëst Joer als Deel vun Esch2022 ënnert dem Motto: Remix Diversity.
Weider Informatiounen
De ganze Programm fannt dir op luxembourgpride.lu a weider Informatiounen iwwert de Festival ginn et op www.queerarts.lu