
© Ozuna
De 14. Juli kënnt den Ozuna an d'Rockhal.
Den Ozuna ass ee puerto-ricanesche Reggaeton-Sänger. Mat senge Songs huet hien et schonn heefegan d'Charts gepackt an ass ee vun de bekannteste Museker an der latäinamerikaneschem Popmusek. Seng Lidder goufe milliounemol op YouTube opgeruff an e steet op der Plaz 13 vun de meescht gestreamte Kënschtler op Spotify.
Concert
En Donneschdeg, de 14. Juli kënnt den Ozuna an d'Rockhal am Kader vu senger OZUTOCHI EUROPA TOUR 2022 an dir kënnt do dobäi sinn. Alleguer d'Infoe ginn et op rockhal.lu
Séchert iech hei och elo schonn är Virverkafsticketen.
Gewënnspill
Schreift iech elo hei an & gewannt mat Chance eng Koppel Concertsticketen.