E mol ronderëm d'Welt a sou vill Länner gesi wéi méiglech, dat mam Eldoland a mat äre Postkaarten!

No der Pandemie ass reesen esouwäit rëm méiglech! A well grouss Vakanz ass, hunn déi meescht d'Wallis scho prett, a waarde just op de groussen Dag wann et lass geet.... an d'Vakanz!

Bréifkëscht

Virum verlängerte Weekend goufe mer nach emol sou richteg verwinnt. Ënnert anerem krute mer 2 Kaarten aus Holland vun den Haag an Domburg. Och hunn d'Ieselen aus der Sauerstad Dikrech eis eng Postkaart vun der Côte de la Sûre geschéckt.

Vu Montmartre aus Frankräich krute mer da vum Léna folgend léif Noriicht geschéckt:

Bonjour de Paris! Moien! Je suis une auditrice francaise qui vous écoute tous  les jours - cela me permet même d'apprendre le luxembourgeois! Merci à toute l'équipe pour ce que vous faites! Schéinen Dag Nach! Léna

2 Länner kënne mer elo awer och nach ofhaken, well mer krute vum Melanie, Miguel, Mica a Noah aus Portugal geschriwwen. D'Larissa an den Daniel, gënnen sech dann 2 Woche Sri Lanka an hunn eis vun do eng Kaart geschéckt.

Länner 17/195

Norwegen - Dani; Christine
Lëtzebuerg - Vicky & Francis; De Comité vum E.S.D.
Spuenien - Gilles, Tim & Linda
Wales - Charlie & Aline
Däitschland - Fränz, Charel & Heng; Vanessa & Dorian; Nathalie, Emma, Jérôme & Lily; Jil & Niels; Sandrine & Kevin
Malta - Vicky & Cidalia; Cheryl, Steve & Luana
Frankreich - Tanja, Steve & Yara; Martine & Gilles; Abby, Maxime, Mandy, Nadia & Patrick; Adeline, Nathalie, Katia, Jonah, Hans, Sarah, Noah, Yannick & Lena; Lena
Schweden - Josée & Martine
Italien - Gibbes & Famill; Christine & Thomas; Chris
Monaco - Isliane
Éisträich - Chris; Sandrine & Kevin
Amerika - Nora & Steve
Holland - Stéphanie & Serge; Jean-Marc; Chris
Belsch - Nora, Jil, Nadia, Bopa & Boma; Nic
Dänemark - Rachel & Fredo
Portugal - Melanie, Miguel, Mica& Noah
Sri Lanka - Larissa & Daniel

Dir gitt an d'Vakanz?

Da maacht mat bei der Morningshow-Challenge a schéckt eis eng Postkaart! Am Studio hunn de Charel an d'Martine eng grouss Weltkaart. Mat all Postkaart vun Iech aus dem Eldoland kann dës bei dat Land gepinnt ginn!

Aus wéi vill Länner, vun den 195,  kréie mir eng Postkaart?

Gitt deel vun eisem Tour ronderëm d'Welt a weist eis wéi schéin är Destinatioun ass!

Och wann der grad net an der Vakanz sidd, mee einfach an engem aner Land lieft oder studéiert, kënnt dir matmaachen an eis gären eng Postkaart schécken!

Adress

Schéckt är Postkaarten aus ärem Vakanzeland einfach un:

Eldoradio Morningshow

43, Boulevard Pierre-Frieden

L-1543 Luxembourg

 

RTL

© Eldoradio