Spillt dëse Summer mat beim Eldo Pong a gewannt en exklusiven Eldoradio Beer Pong Dësch!

Dëse Summer ass Eldoradio op villen Events zu Lëtzebuerg ënnerwee an do hu mir natierlech eisen Eldo Pong mat dobäi!

Also wann dir op engem Event den Eldoradio Stand gesitt, kommt laanscht a spillt eng Partie!

RTL

© Eldoradio

Gitt äert Bescht a probéiert esou vill Punkte wéi méiglech ze maachen!

Geléngt iech dat, gewannt dir mat Chance ee vun eisen Eldo gebrande Beer Pong Dëscher.

Gewënner / Gewënnerinne gi vun eis kontaktéiert.

Eldo Pong Reegelen

  • De Spiller dierf 5 mol schéissen.
  • Den Ielbou muss beim Schéissen hannert dem Dësch bleiwen.
  • Et si keng Optupper erlaabt. 
  • Et geet drëms esouvill Punkten ewéi méiglech ze erreechen.
  • D'Becheren an deene verschiddene Reien hu verschidde Punkten. (déi 4 Becheren hannen: 4 Punkten/Becher, déi Rei mat 3 Becheren: 3 Punkten/Becher, déi Rei mat 2 Becheren: 2 Punkten/Becher, déi Rei mat 1 Becher: 1 Punkt)

Events

Op dësen Events kënnt dir Eldo Pong spillen an hutt d'Méiglechkeet, en Eldo Beer Pong Dësch ze gewannen.

  • e-Lake Festival, 12. August beim Iechternacher Séi
  • Picadilly, 13. August zu Stadbriedemes
  • Stackelser Inte Fest, 3. September zu Ettelbréck
  • LOA Festival, 9. & 10. September um Kierchbierg

Gewënner