Ganz oft gouf de Concert verluecht, ma haut ass et endlech esou wäit!

D'Charlotte Rezbach alias LOTTE ass eng däitsch Singer-Songwriterin.

Schonn als Kand hat d'Sängerin Gesangsunterrecht an huet Piano, Gei a Gittar geléiert. Mat 13 Joer huet hatt säin éischte Song geschriwwen. Am Summer 2016 huet d'Ravensburgerin op Festivals als Supportact fir Museker wéi de Max Giesinger oder Johannes Oerding gespillt. Duerno huet hatt seng éischt Videoen op Youtube eropgelueden.

Praktesch Informatiounen

De Concert ass am Atelier. D'Diere ginn um 19 Auer op.
Support: Dominik Hartz

Video

Lauschtert iech hei seng gemeinsam Single mam Max Giesinger "Auf das, was da noch kommt", un.