Och dëst Joer kann een op der Kinnekswiss erëm eng gemitterlech Wanterambiance genéissen.

Am Wanterpark op der Kinnekswiss gëtt et e Foodvillage mat kulinaresche Wanterspezialitéiten an och enger Bün fir de Museksprogramm & Animatioun.

Programm

  • Dënschdes, Mëttwochs an Donneschdes: vu 17:30 bis 20:30 Auer DJ-Sets
  • Freides: vu 17:30 bis 18:30 Auer Live-Bands
  • Freides: vun 19 bis 21:30 DJ-Sets
  • Samschdes: vun 18 bis 20:30 Coverbands/Karaoke
  • Sonndes: vu 14 bis 17 Auer Animatioune fir Kanner

Den detailléierte Programm & weider Infoe fannt dir et hei.

Datumer & Ëffnungszäiten

Vum 18. November 2022 bis den 1. Januar 2023
De 24. & 25. Dezember ass zou.

Vu Sonndeg bis Donneschdeg: 11 bis 21 Auer
Freideg & Samschdeg: 11 bis 22 Auer

Praktesch Informatiounen

Kinnekswiss
Boulevard du Prince Henri L-1724 Luxembourg
Direkt nieft dem Parking Glacis

Gewënnspill

Schreift iech elo hei an & gewannt mat Chance e Freideg, den 2. Dezember Consommatiouns-Jetonen am Wäert vu 25€ fir de Wanterpark op der Kinnekswiss.