
© Eldoradio
Déi Jonk interesséieren sech net fir d'Politik. Ee Saz, deen a ville Fäll net zoutrëfft, well ëmmer méi Jonker interesséieren sech fir Walen a Politik.
Dëst Joer ass zu Lëtzebuerg ee Superwaljoer an dobäi gi sou wuel um kommunalen Niveau wéi och um nationalen Niveau wichteg Decisioune fir d'Zukunft getraff. Ronn 20 Prozent vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung ass ënner 18 Joer al an dierf sech net un de Wale bedeelegen. Mee och si interesséieren sech fir d'Walen an déi politesch Decisiounen. D'Hannah Pinto an d'Marie Viry vun UNICEF sinn alle béid 17 Joer al an erkläre wat fir wichteg Sujeten d'Walen och fir déi Jonk sinn. Si betounen awer, dass si fannen, dass d'Politik net genuch op déi Jonk lauschtert. D'Hannah seet, dass en oft vill Versprieche géife gemaach ginn an déi ginn dann awer net agehalen. Dat kéint och dorunner leien, well déi Jonk net dierfe wiele goen an hier Stëmmen esou net genuch wäertgeschat ginn, esou d'Marie.
Virun allem sinn d'Gemengewalen interessant fir déi Jonk, esou d'Marie. D'Gemengewalen si nämlech ganz lokal an doduerch huet een e vill méi direkte Kontakt mat de Politiker. Do kann sech dann esou och vill méi direkt involvéieren.
Weider seet d'Hannah, dass Wiele vu 16 Joer un wichteg wier. Et ginn nämlech ëmmer méi Jonker, déi sech fir d'Politik interesséieren an esou géifen si d'Méiglechkeet kréien hiren Interessi a Choixen eng Stëmm ze ginn.
An deem Kader huet d'UNICEF och verschidde Projete lancéiert. Esou zum Beispill de City Café bei deem vill diskutéiert ka ginn. Hei gouf ee Sondage bei deene Jonke gemaach fir ze kucken, ob wéi enge véier Themen de Schwéierpunkt vum Interessi vun deene Jonke läit. Dat waren de Klimawandel, d'mental Gesondheet, Gewalt a Mobbing an d'Qualitéit vun der Bildung. Dës Theme goufe mat verschiddenen Deputéiert diskutéiert an déi Jonk haten esou d'Méiglechkeet hier Problemer an Iddie bei der Politiker unzeschwätzen.
Ee weidere Projet ass de Site Wiel-fir-all-Kand.lu. Hei stellt d'UNICEF hier Aktivitéite ronderëm d'Walen an de Vierdergrond. Ënner anerem goufen an deem Kader Videoe gemaach bei deenen déi Erwuesse gefrot goufe wat déi Jonk interesséiert a wat fir déi wichteg wier an dono hunn déi Jonk dorop reagéiert.