Mir sichen eng Persoun fir d'Museksredaktioun an nei Leit fir eis Freelance News-Redaktioun!

Eldoradio Museksredaktioun

Du interesséiers dech fir Musek, wëlls de Programm vum gréissten Hitradio zu Lëtzebuerg matgestalten a schwätz Lëtzebuergesch? Da gëff Deel vun der Eldoradio Museksredaktioun!

Wéini? Esou séier ewéi méiglech
Kontrakt? CDI, Vollzäit

Deng Missiounen?

  • Gestaltung vum deegleche Museksprogramm vum gréissten Hitradio zu Lëtzebuerg
  • Interviews mat nationalen an internationale Bands a Kënschtler*innen
  • Enke Kontakt mat der lëtzebuergescher Musekszeen
  • Relevant musikalesch Themen an Trends erkennen an Dës fir eis Eldo-Kanäl op eng verständlech Aart a Weis verschaffen; Redaktioun a Produktioun vu Museksreportagen fir d’Antenn; Redaktioun a Verëffentlechung vun Artikelen op eldo.lu; Presentatioun vu musikaleschem Contenu op Antenn

Däi Profil?

  • Excellent Lëtzebuergesch schwätzen; korrekt Lëtzebuergesch schreiwe kënnen ass e Virdeel
  • Gär a vill Musek lauschteren; excellent Kenntnisser an der internationaler Popmuseks-Zeen; gutt Kenntnisser an der nationaler Musekszeen
  • Musek objektiv bewäerten a fundéiert kritiséiere kënnen
  • Loscht an de Mikro ze schwätzen
  • Ausgepräägten Ekippegeescht; Eegeninitiative weisen; sech an enger jonker an dynamescher Ekipp wuelfillen

Wisou grad den Eldo?

  • Flexibel Aarbechtszäiten
  • Ofwiesslungsräich Aufgaben
  • Eng detailléiert Ausbildung
  • E permanent Encadrement
  • Eng jonk, dynamesch an decaléiert Ekipp

Du bass interesséiert?
Da schéck eis däin CV an eng lettre de motivation per Mail op jobs@eldoradio.lu!

Eldoradio News-Redaktioun (Freelance)

Du bass interesséiert un der nationaler an internationaler Aktualitéit an schwätzt Lëtzebuergesch? Da gëff och du Deel vun eiser News-Redaktioun.

Wat sinn deng Missiounen?

  • Déi wichtegst an aktuellsten News aus Lëtzebuerg an och aus der ganzer Welt sichen
  • Déi erausgesichten News kuerz a knapp als Artikele schreiwen an online setzen
  • D’News live um Radio presentéieren
  • Op Pressekonferenzen an Demonstratioune goen
  • Interviewe maachen
  • Berichter a Form vu Live-Presentatiounen um Radio an/oder a Form vun engem Reportage an engem Artikel opstellen

Wat bréngs du mat?

  • Interessi un der nationaler an internationaler Aktualitéit
  • Gutt Kenntnisser an der Lëtzebuerger Sprooch
  • Aner Sprooche wéi Däitsch, Franséisch an Englesch sinn natierlech och e Plus
  • Zouverlässegkeet, Professionalitéit a Pünktlechkeet
  • Et muss een net onbedéngt Journalismus studéiert hunn
  • Flexibilitéit (sou wuel Weekends wéi och an der Woch)

Wisou grad den Eldo?

  • Flexibel Aarbechtszäiten
  • Ofwiesslungsräich Aufgaben
  • Eng detailléiert Ausbildung
  • E permanent Encadrement
  • Eng jonk, dynamesch an decaléiert Ekipp

Du bass interesséiert?
Ma da schéck eis eng Mail op jobs@eldoradio.lu mat dengem CV an enger Beschreiwung wisou dass genee du déi richteg Persoun fir d’News-Redaktioun bass.