
Vu 19:00-20:00 Live bei eis am Studio!
Bei eisem Event of the Week de LOA by Post ass de Sebastian Jacqué dësen Donneschden vun 19:00-20:00 Auer beim Wulli am Studio fir eis all wichteg Infoen zum Festival ze ginn. Mat am DJ-Live-Mix dobäi ass den internationalen Headliner vum LOA Festival: Glockenbach!!!
A vun 20:00-21:00 Auer geet et weider mam Dj Se7en Live op der Schueberfouer.
Freides den 8. September kënn dir Glockenbach och Live um LOA by Post um Kirchbierg erliewen.
Sécher dir hei nach Ticketen!
Weider Infoen iwwert de LOA by Post fann dir hei
Glockenbach
Glockenbach verstinn sech als Produzente-Kollektiv, deenen et haaptsächlech ëm d’Musek geet. An de leschte Joren hunn si sech eng talentéiert Ekipp an e grousst internationaalt Netzwierk an deene wichtegste Stied vun dëser Welt opgebaut – vu Los Angeles iwwer New York, London, Paräis bis Stockholm a Berlin. Wéi vill Persounen involvéiert sinn a wéi déi Zesummenaarbecht genee ausgesäit, ass awer net gewosst – Glockenbach bleiwe gär anonym. Bekannt ass just, dass den Numm vum ugesote Münchener Glockenbachvéierel kënnt.
Op der Bün gëtt Glockenbach vun enger Persoun verkierpert. Deel vun der Perséinlechkeet ass, dass seng Originalstëmm ni ze héieren a säi Gesiicht ni ze gesinn ass. Seng Optrëtter spillt hie komplett a schwaarz gekleet a mat Mask. Direkt mat der Debut-Single «Dancing In The Dirt» hat de Glockenbach et erfollegräich op déi europäesch Radiostatioune gepackt.
Och déi nächst Songs «Redlight» oder «Dirty Dancing» si grouss Hits ginn. Ervirzehiewen ass awer natierlech d’ClockClock-Kollaboratioun «Brooklyn», déi Glockenbach den definitiven Duerchbroch bruecht huet.
Och deen neien Track «Lifeline» zesumme mam Ella Henderson ass um beschte Wee e groussen internationalen Hit ze ginn.