Haut den Owend ass den däitsche Kënschtler op Besuch hei zu Lëtzebuerg am Atelier!

Mat Hits ewéi "Lila Wolken", "Kids (2 Finger an den Kopf)", "Verstrahlt" oder "OMG" huet de Marteria sech an der däitscher Hiphop-Zeen quasi onstierflech gemaach. Kombinéiert mat sengem Kënschtler-Alter-Ego Marsimoto huet hien am Laf vu senger Karriär schonn 10 Studio-Alben erausbruecht. Am Oktober 2021 ass säi bis elo leschte Longplayer "5. Dimension" op de Marché komm.

A senger ganz neier Single "Der Mensch stammt von Waffen ab" weist sech de Marteria wéi gewinnt gesellschaftskritesch. Hannert senger Wuertspill-Fassad verstoppen sech ganz éierlech Messagen, déi een nodenke loossen. De Song handelt vu Krich a Fridden an zeechent Biller déi eisen Alldag zeechnen: Schlauchbooter, Zaldoten an Uelegfelder. Haaptsächlech geet et awer ëm déi éiweg Muecht vu Waffen, déi schonn ëmmer existéiert huet, eist Liewen awer méi präägt, ewéi mir et eis agestoe wëllen.

No senger Solo-Show a sengem gemeinsamen Optrëtt mam Casper am Atelier 2018, kënnt de Marteria haut den Owend zeréck bei eis op Lëtzebuerg. Huelt iech en zweeten T-Shirt fir nom Concert mat - wien dem Marteria seng Live-Energie kennt, weess firwat!

Bekannt

Practicals 

Venue: den Atelier
Doors: 19:00 Auer
Ticketen: Sold Out - mat Chance fannt dir nach Ticketen an eiser Eldo-Ticketbourse