
Spill dës ganz Woch mat a gewann fir däi Veräin, deng Klass, däi Frëndeskrees... eng Bad Taste Party an der Lounge vum Melusina!
Eldoradio schenkt dir fir den Samschdeg, 7. Oktober 2023 deng ganz privat Bad Taste Party!
Leopardemuster oder Neon, Glitzer-Plateau-Schong oder grouss opfälleg Accessoiren... jee méi kitscheg desto besser! Endlech muss du dir emol keng Gedanken iwwert däi Party-Outfit maachen: Dengem schlechte Goût si keng Grenze gesat! Du hues Loscht mat dengem Frëndeskrees, Veräin oder denger Klass a skurrillen Outfits esou richteg Party ze maachen an op déi beschte Bad Taste Songs ze eskaléieren?

Da spill dës ganz Woch mat op Eldoradio! Mir hunn déi allerschlechste Bad Taste Songs erausgesicht a verstoppen dës bei eis am Programm. Erkennt se a vläicht spendéiere mir dir d’Lounge vum Melusina mat Gedrénks, DJ a Bad Taste Gadgeten!

Wéi kanns du gewannen?
Mir verstoppen déi ganz Woch Bad Taste Songs an eisem Programm!
Soubal du dëse Bad Taste Songs héiert, schreift iech an mam
Stéchwuert «Bad Taste Party» op de 62456 oder via Whatsapp op de 691 947 577!
Song vun haut!
Gess du am Labbere Feierowend gezunn & ugeruff, bass du de Finalist vum Dag an e Freideg an der grousser Finale mat dobäi, a villäicht gehéiert d'Melu-Lounge de Samschdeg, 7. Oktober dir!
Eldoradio schenkt dir deng privat Bad Taste Party !
