De südkoreanesche Rapper, Singer/Songwriter an Dänzer B.I kënnt haut den Owend op Lëtzebuerg an den Atelier!

Mat Formatiounen ewéi BTS, Blackpink oder Twice huet K-Pop längst de weltwäite Marché ageholl. De B.I ass zanter ville Joren e groussen Deel vun där K-Pop-Zeen. 2013 huet hie seng éischt Erfarunge gesammelt, vun 2015 u war hie Member a Lead-Sänger vun der Kult-Boyband "iKon".

Virun 3 Joer huet de B.I seng Solo-Karriär lancéiert a mat "Waterfall" an "To Die For" schonn zwee Studio-Alben erausbruecht. Fir déi alleréischte Kéier bréngt de Südkoreaner seng Love Or Die Tour bei eis an Europa an esouguer op Lëtzebuerg.

Verpasst haut den Owend also net déi alleréischte K-Pop-Show am Atelier!

Last Minute Infos

B.I - Love Or Die Tour
Venue: den Atelier
Doors: 19:00 Auer
Ticketen: elo nach séier online am Virverkaf oder an der Oweskeess sur place