De Mëttwoch 6. Dezember sinn d'Kinosëtzer erëm exklusiv fir d'Damme reservéiert.

Erlieft am Kinepolis Kierchbierg e séissen Owend mam Film Wonka
Crémant, Animatioun, Kaddoen a vill weider Iwwerraschunge stinn um Programm.

Alleguer d'Infoen iwwer Ladies at the Movies fannt dir op kinepolis.lu

Film

De Film Wonka ass e Prequel vum Tim Burton sengem Charlie and the Chocolate Factory aus dem Joer 2005. Deemools huet den Johnny Depp de verréckte Millionär Willy Wonka gespillt, dee freche Kanner a senger Fabrik eng Léierstond erdeelt huet.

An neie Film geet et elo ëm d'Geschicht, wéi de Wonka zu dësem Mann gouf. En erzielt virun allem aus senger Jugend an och gi mir endlech gewuer, wéi et zu senger Bekanntschaft mam Vollek vun de Oompa-Loompas koum. Dat sinn déi kleng Männcher aus dem Original-Film, déi him bei der Féierung vu senger Schockelasfabrik zur Säit stinn.

Produzéiert gouf dëse Musical vum Regisseur Paul King (Paddington), deen t'Dréibuch zesumme mam Komiker a Schauspiller Simon Farnaby geschriwwen huet. Mat am Cast sinn ënnert anerem den Timothée Chalamet (Dune) an der Haaptroll, d'Sally Hawkins (Shape of Water), de Rowan Atkinson (Mr. Bean) an de Hugh Grant.

Seancen

  • Afterwork vun 18:00 Auer un (de Film fänkt um 19:00 Auer un)
  • Afterwork vun 19:30 Auer un (de Film fänkt um 20:30 Auer un)
  • Afterwork vun 21:00 Auer un (de Film fänkt um 22:00 Auer un)

Ticketen

Schreif dech elo hei an & gewann dëse Dënschden eng Koppel Entréestickete fir d'Seance um 19:30 Auer (Film 20:30 Auer) an de Kinepolis Kierchbierg kucken ze goen.

Kuckt iech hei den Trailer vum Film un