
De Club des Jeunes vu Rëmerschen organiséiert och dëst Joer nees op Fuessamschdeg den traditionelle Musel am Dusel!
Muer steet d'Musel nees op der Kopp, well zu Schwéidsbeng ass erëm den traditionellen
Musel am Dusel
Lass geet et dëse Samschdeg um 21h00 an der Hal zu Schwéidsbeng - mat fräier Nuecht & top Stëmmung bis 3h00!
- Warm-Up mat der Gibbes-Crew
- DJ Duschti
- Wallstreet Coverband
Wann dir nom Bal och e bëssen am Dusel sidd - kee Problem! Déi gratis Navettë bréngen iech gutt Heem!
Bännercher ginn et fir 7€ am Virverkaf oder fir 12€ an der Oweskeess - vun dësem Joer un akzeptéiert de Club des Jeunes souguer d'Bezuele mat der Kaart!
Weider Infoen iwwert d'Tix, d'Navetten, d'Garderobe a villes méi fannt dir hei!
Spillt elo hei mat a gewannt eng Koppel Entréeën!
(D'Gewënner gi bis e Samschdeg kontaktéiert)
Musel am Dusel - Ëmmer um Fuessamschdeg zu Schwéidsbeng op der Musel!