Vum 17. bis den 20. Juli ginn um Iechternacher Séi erëm 4 verschidde Filmer am Open Air Cinema gewisen!

Kommt dës Woch op den

Open Air Cinema um Iechternacher Séi

Dir wëllt äre Kinosfilm emol aneschters erliewen? Dann ass den Open Air Cinema um Iechternacher Séi genau dat Richtegt fir iech! Erlieft de Film ënnert fräiem Himmel an an enger eemoleger Kuliss a loosst iech vum Restaurant Lakeside verwinnen.

De Ciné Sura versuergt iech mat Kinofood - esou datt engem gemittleche Kinosowend näischt méi am Wee steet!

Lass geet et all Dag um 19h30 - de Film fänkt no Abroch vun der Däischtert géint 21h30 un! D'Entrée ass gratis!

  • Mëttwochs, de 17. Juli: Bohemian Rhapsody (VA)
  • Donneschdes, den 18. Juli: Stommfilm mat Live Musek - Band Washing Machine mat "The Lost World"
  • Freides, den 19. Juli: Superjhemp Retörns (VO mat franséischen Ënnertitel)
  • Sameschdes, den 20. Juli: Pets 2 (VA)

(D'Gewënner gi bis e Mëttwoch kontaktéiert)

4 Deeg - 4 Filmer: Open Air Cinema um Iechternacher Séi direkt nieft dem Restaurant Lakeside!