Dëse Samschdeg ass an der Chambre de Commerce nees déi traditionell Jobfoire fir Studenten!

Dir sidd op der Sich no enger Stage- oder Aarbechtsplaz am Beräich Droit oder Ekonomie? Dann ass dëse Samschdeg d'Chambre de Commerce déi richteg Networkingplaz fir iech!

REE - Rencontre Entreprises-Etudiants

D'ANESEC an d'ANELD invitéieren dëse Samschdeg zesumme mat hire Partner op eng Jobfoire a bitt heimat de perfekte Kader fir a Kontakt mat Professioneller ze kommen!

Lass geet et e Samschdeg um 13h50 an der Chambre de Commerce mat der Ouverture vum Félix Braz, verschiddene Rieden, engem Workshop an enger Table Ronde "Sustainable Finance" mam Me Marc Elvinger (Etude Elvinger Hoss Prussen), dem Benoit Pauly (Anesc Alumni), der Madamm Jennyfer de Nijs (Finanzministère) an der Madamm Corinne Feypel (Banque de Luxembourg). D'Madamm Anouk Agnes (Directrice générale adjointe vun der ALFI) wäert als Moderatorin dës Table Ronde leeden.

Vun 15h20 u sinn dann déi verschidde Stänn vun de Partner an Entreprisen op a ginn iech d'Méiglechkeet iech ze informéieren an éischt Kontakter ze knäppen. Donieft bitt iech dës Foire ausserdeem nach d'Méiglechkeet mat Professioneller e Virstellungsgespréich ze simuléieren an iech esou op är zukünfteg Gespréicher virzebereeden.

Vu 16h00 bis 17h00 hält de Me Laurent Schummer (Arendt & Medernach) e Space Law Workshop.

Um 18h00 gëtt den offiziellen Deel da mat engem Éierewäin ofgeschloss!

Vun 21h00 un invitéieren d'ANESEC an d'ANELD dann nach op hire Fräibéier am Siegfried! D'After Party ass oppen a gratis fir all d'Membere vun der ANESEC an der ANELD!