D'Sich nom ideale Studium oder eng Léier- oder Schaffplaz huet ugefangen? Dir fänkt esou lues un iech z'informéieren an ze plangen?

Geet ee studéieren? Sicht ee sech eng Léierplaz? Oder soll een direkt schaffe goen? Froen, déi dat zukünftegt Liewe veränneren an een an eng gewësse Richtung dirigéiert - et geet ëm d'Decisioun, déi een nom Lycée huele muss!

Kommt dësen Donneschdeg a Freideg op de Stand vun der ACEL a loosst iech beroden op der

Studentefoire @ Luxexpo The Box

D'ACEL wéi och Studenten-Cerclen, Entreprisen an aner Institutioune sinn op der Plaz an informéieren iwwert déi eenzel Méiglechkeete fir ze studéieren, iwwert d'Studenteliewen, Stageplazen, Léierméiglechkeeten, Bourssen &&&.

Entdeckt och déi verschidde Guide vun der ACEL, déi iech virum, wärend an nom Studéiere begleeden an informéieren. Dës kënnt dir iech op de Stand vun der ACEL siche kommen!

D'Foire ass gratis a fir iech op:

  • Donneschdes, de 7. November vun 10h00 - 18h30
  • Freides, den 8. November vun 10h00 - 18h30

ACEL - de Studentevertrieder ass dësen Donneschdeg & Freideg fir iech op der Studentefoire vertrueden!