Du bass kreativ? Interesséiers dech fir Reklammen? An hues grouss Kenntnisser am Beräich vun der Tountechnik?

Da looss dech an d’Welt vun der Pub matrappen a gëff Produzent beim Eldo!

Deng Aufgaben:

  • Schreiwe vun Texter fir Reklammen
  • Produzéiere vu Publicitéiten an aneren Elementer
  • Kontakt mam Client

Viraussetzung:

  • Gudden Ëmgang mat der Lëtzebuerger Sprooch
  • Kenntnisser mat DAW’s ewéi ProTools
  • Tountechnsech Ausbildung vu Virdeel
  • Kreatiivt, selbststännegt a verantwortungsvollt Schaffen

Dat bidde mir:

  • Eng kreativ Aarbecht an däers du dech entfale kanns
  • Deel ze si vun enger jonker, motivéierter an dynamescher Equipe um meescht gelauschtertem Radiosender bei den Nolauschterer bis 35 Joer
  • CDD mat Aussicht op en CDI

Hues de Loscht kritt? Da schéck eis däin CV mat enger Lettre de Motivatioun op jobs@eldoradio.lu