Haut ass déi 3. Editioun vum Eldo Quiz Owend! Spillt mat & gewannt cool Präisser!

Den Eldo léisst iech wärend der Corona-Quarantaine net einfach doheem versaueren! Maacht bereet fir eisen drëtten Eldo Quiz Owend!

Eldo Quiz Owend

En Donneschdeg vun 20h00 u relax doheem vun ärer Couche aus!

4 Ronnen - 4 verschidde Kategorien

All Ronn huet seng eege Kategorie mat jeeweils 7 Froen - no all Ronn gëtt 1 Gewënner ermëttelt!

Wéi dir matmaache kënnt?

Den Andy gëtt op Antenne de Start vun all Ronn vum Eldo Quiz - duerno ass d'Ronn fir 15 Minutten online a ka vun iech doheem iwwert de Computer oder Handy matgespillt ginn. Fir d'éischt musst dir Är Donnéeën am Formulaire ausfëllen, éiert de Quiz lassgeet. Fir all Fro hutt dir en Zäitlimitt. No 15 Minutte gëtt de Quiz vum Site geholl & den Andy gëtt déi richteg Äntwerten iwwert de Radio duerch. Hei gëtt och no all Ronn 1 Gewënner ermëttelt an iwwert Radio annoncéiert.

All Ronn gëtt fir sech gezielt & huet um Enn och ee Gewënner! Et kann een also fir all Ronn nei matspillen.

Dir hutt keen Handy oder Laptop bei Hand? Kee Problem - dir kënnt och via Radio matquizzen!

Fair Play

Denkt weg drun, dass et ëm de Spaass vu jidderengem geet, also spillt fair & loosst all Hëllefsmëttelen op der Säit - Test äert Wësse vun 20h00 bis 22h00 zesumme mam Eldo!

Merci datt dir bei der 3. Editioun vum Eldo Quiz Owend matgemaach hutt!