Nom rise Succès vum leschte Joer feiert de LOA Festival am September déi 2. Editioun ronderëm der Philharmonie matten an der Stad.
De Weekend vum 12. & 13. September gëtt et erëm Tomorrowland-Feeling matten an der Stad!
Luxembourg Open Air Festival @ Kierchbierg
LOA - Um Open Air Festival hannert der Philharmonie dréint sech dëst Joer am September 2 Deeg laang alles ronderëm elektronesch Musek!
- gratis Festival fir Jugendlecher a Kanner ënner 16 (a Begleedung vun engem Erwuessenen) an fir Leit iwwer 60 Joer
- Kaaft iech elo hei är Early Bird-Ticketen fir dëse Festival
Nieft lokalen DJs stinn och 12 international DJs als Headliner op 2 verschiddene Bünen - Mainstage & Second Stage:
- Quintino
- Michael Calfan
- Justin Mylo
- &&&
Nieft musikaleschen Highlights aus der Elektro-Zeen gëtt et ënnert anerem och nach
- e Food Village mat Food Trucks
- en Chill-Out Beräich
- verschidden Themen-Bars
- Animatioun an e puer Iwwerraschungen fir déi ganz Famill
Profitéiert vum gratis ëffentlechen Transport & kommt mam Bus a mam Tram op de Festival - den Tram huet dee Weekend speziell Festivals-Horairen!
Kaaft iech elo schonn är "Early Bird"-Ticketen hei & verpasst op kee Fall dësen eenzegaartege Festival!
Du wëlls en Deel vun der LOA-Crew ginn? Da mell dech elo hei als Volunteer un & hëllef de Weekend um 12. & 13. September als Fräiwëllegen um LOA Festival!
Save the Date - "LOA Festival" den 12. & 13. September um Kierchbierg!