Eigentlech jiddereen! Hutt dir da schonn eemol ären eegene Budget opgestallt? Gitt gewuer firwat dëse wichteg ass, a wéi einfach et ka goen!

Hutt dir schonn eemol ären eegene Budget opgestallt? Villäicht denkt der iech och, dass der dat guer net braucht. Ma firwat en awer eng gutt Iddi ass een ze maachen, a wéi ee sech do am Beschten uleet, hu mer de Gilles Klein vun der CSSF gefrot.

Firwat ass et sou wichteg e perséinleche Budget opzestellen?

E Budget opzestellen ass dee wichtegste Schrëtt fir d'Kontroll iwwer seng Finanzen ze halen an fir effizient mat sengen Suen ëmzegoen. De perséinleche Budget wéisst wou engem seng Suen hierkommen, wou se higinn, a wéi vill finanzielle Spillraum een zur Verfügung huet. Oft wann een säin Budget virbereet, entdeckt een onnéideg Ausgaben, déi een sech an Zukunft spuere kéint, fir deemno wéi e puer Suen op d ‘Séit ze leeën.

Lauschtert hei eran!

Wat muss ech maachen fir esou en perséinleche Budget opzestellen?

De Budget ass näischt aneschtes wéi en Plang. Op där enger Säit geet et drëms, all séin Akommes opzelëschten (dat heescht d ‘Suen déi erakommen). Dat sinn zum Beispill: de Salaire, Täschegeld an eventuell sozial Leeschtungen wéi Kannergeld.

Op der anerer Säit ginn d’ Ausgaben festgehalen (also d ‘Suen déi erausginn). Wéi Zréckbezuele vu Kreditter, den Loyer, Versécherungen, Liewenskäschten wéi Iessen an Elektresch. An dann och aner Niewekäschten wéi z.B. den Handy Abonnement an den Bensin.

Wichteg ass hei opzepassen dass d ‘Ausgaben net méi héich sinn wéi d’Akommes. Dëst erméiglecht nämlech Suen op ‘d ‘Séit ze leeën fir präventiv géint net geplangten Ausgaben virzegoen. Wéi z.B. wa Reparaturen am Haus oder um Auto ze maachen sinn.

Fir säi Budget ze féieren kann een och op d’ Lëtzfin Budget App zréckgräifen. Déi fënnt een am App Store oder am Google Play Store. Och op der Internetsäit ënnert letzfin.lu fannt dir een Tool fir de Budget ze maachen. Dee kann een eroflueden an op seng eegen Bedierfnisser upassen.

Ginn et speziell Situatiounen a mengem Liewen wou esou e Budget wesentlech ass?

Am Beschten soll een ëmmer, an an all Liewenssituatioun säin privaten Budget féieren an och probéieren sech drunzehalen. Natierlech ass et besonnesch wichteg wann een en Kredit wëll maachen fir z.B. en Haus oder en Auto ze kafen. Esou gesäit een op een déi néideg Ressourcen huet fir de Kredit elo, ma och an der Zukunft, kënnen zréckzebezuelen.