D'Commission de Surveillance du Secteur Financier, kuerz och CSSF genannt, kennt der villäicht net direkt. Mer kucke kuerz wat do derhannert stécht.

Wie kéint besser erklären wien d'CSSF ass, a wat dës genee mécht, wéi de Generaldirekter vun de CSSF, de Claude Marx! Hien konnt eis och verroden, firwat der CSSF d'"Education financière" esou um Häerz läit.

Wien oder wat ass dann d'CSSF?

D'CSSF ass eigentlech d'Iwwerwaachungsautoritéit vum Finanzsecteur hei zu Lëtzebuerg. Si passen ënnert anerem dorop op, dass d'Professioneller am Finanzsecteur, wéi zum Beispill d'Banke sech un d'Gesetzer halen, an och net ze vill Risiken aginn. Ee wichtegen Deel vun onser Missioun ass och de Verbraucherschutz. Dat heescht dofir ze suergen, dass jiddereen dee Servicer aus dem Finanzsecteur notzt net benodeelegt oder schlëmmer nach, vun onéierleche Leit bedru gëtt. An an dësem Kontext spillt och déi sougenannten "Education Financière"eng wichteg Roll.

Lauschtert hei eran!

Wat ënnerhëlt d'CSSF am Beräich vun der Education financière?

Fir weider iwwert dëse Sujet z'informéieren, huet d'CSSF de Site www.letzfin.lu an d'Liewe geruff. Dëse sëtzt sech ausschliisslech mat Theme ronderëm d'Education Financière auserneen. Et fënnt een do vill Informatioune zu verschiddenen Themen. Ma et gëtt awer net nëmmen dréchen Texter, mee och Simulatoren, Quizzen, Spiller a weider praktesch Tools.

Zum Beispill gëtt et do ee Budget-Tool, deen ee sech als Excel-Dokument erofluede kann. Deen hëlleft engem säin eegen Budget konsequent z'iwwerwaachen.
Et gëtt iwwregens och eng Lëtzfin Pocket Money App, déi et och Jugendleche schonns erlaabt en Iwwerbléck iwwer hir Finanzen ze halen.

Ganz nei ass och den Tool Auto-évaluation, wou een un Hand vu relativ liichten Froen ka feststellen op een och gewëssen Grondkenntnisser aus dem Finanzberäich huet. Donieft gëtt et och all Joer op en Neits d'"Woch vun de Suen". Do ginn d'Experte vun der CSSF da bei d'Kanner an d'Primärschoulen, an erklären hinnen op eng kannergerecht Aart a Weis wat een alles esou iwwert d'Suen wësse muss. Dëst Joer ass d'"Woch vun de Suen" tëscht dem 22. an dem 26. Mäerz.