Onéierlecher ginn et iwwerrall. Och an der Finanzwelt. Fir net herno vill Suen ze verléieren gëllt et opzepassen.

D'Danièle Berna-Ost ass Sécrétaire Générale bei der CSSF. Zesummen hu mer gekuckt, firwat et wichteg ass an der Finanzwelt opzepassen. A wat ee maache muss, wann ee sech net ganz sécher ass, op dee Géigeniwwer dann och een Éierlechen ass.

Aktuell ginn et nees méi Meldunge wéinst Frauden um Site vun der CSSF. Heescht dat dass grad besonnesch vill Persounen, déi Finanzbedruch bedreiwen aktuell zu Lëtzebuerg aktiv sinn?

Mir hunn effektiv festgestallt, dass ëmmer méi Bedruch bei de Finanze bedriwwe gëtt. Dat kënnt doduerch, dass d’Leit decouragéiert ginn zum Beispill Suen op d’Spuerbuch ze setzen, well se wéineg dobäi eraus kréien. An dofir sinn d’Leit bereet méi riskant Investissementer ze maachen. A genee dat notzen Onéierlecher aus. Si lackele mat séiere Suen, an onkomplizéierten Investissementer. Déi Bedréier ginn hei ëmmer méi professionell vir. Doduerch falen esou guer Leit op hier Tricken eran, déi sech an der Finanzwelt auskennen.

Lauschtert hei eran!

Wéi ginn déi Fraudeuren dann elo vir?

Déi Leit si ganz kreativ. Sou ginn zum Beispill Internetsäiten vun Entreprisen bis an den Detail kopéiert oder nei Säiten mat vill Opwand erstallt. Vill Leit ginn awer och geziilt per E-Mail oder Telefon kontaktéiert. D’Fraudeuren benotzen hei psychologesch Tricks fir eng Persoun z’iwwerrieden hinne Suen z’iwwerweisen. De Problem: D’Affer vun esou enger Masche schumme sech meeschtens dofir, dass si dorop eragefall sinn. Dofir gëtt et awer keen Grond! Et handelt sech hei em richteg Profien, déi speziell dofir ausgebilt sinn. Wann een esou een Bedruch mierkt, soll een direkt an ouni ze zécken d’Police aschalten.

Wéi kënnen sech d’Verbraucher virun esou Situatiounen schützen ?

Virsiicht ass besser wéi Nosicht, wéi een seet. Et soll een sech direkt am Ufank versécheren, dass et eng seriö Offer ass. D’CSSF bitt hei alle Verbraucher seng Hëllef un. Op onser Internetsäit, wéi och op lëtzfin.lu, fannt dir eng ganz Rei un Tipps an Tricks wéi een en onéierlechen Ubidder erkennen kann, a sech esou och schütze kann. Sollt ee sech als Verbraucher net sécher si mat wiem een et ze dinn huet, kann een ons zu all Moment direkt kontaktéieren. Och dofir si mir do!