
© pexels.com
Finanze sinn komplizéiert. Besonnesch wann ee Jonk ass, a sech nach net domat ausernee gesat huet. Dofir hu jonk Studenten d'FINGOL-App erstallt.
Wat ass FinGol an un wien adresséiert sech dat?
FinGol steet fir The Financial Game of Life an ass en dynamescht pedagogescht Spill a Form vun enger "Chatbot". Et gouf vun eis, Studente vun der Luxembourg Tech School entwéckelt. Da heescht vu Jonke fir Jonker. FinGol richt sech un e jonke Publikum an erlaabt op eng lëschteg Manéier, finanziellt Liewen ze simuléieren an sech besser drop virbereeden. D ‘Spill The Financial Game of Life, dat op Messenger vu Facebook verfügbar ass, ass fir Jonker iwwer 16 Joer. Mee ganz nei ass d’FinGol Junior App mat engem vereinfachten Inhalt dat vu Jugendleche vun 12 Joer un ka gespillt ginn an scho kann hëllefen d´finanziellt Liewen ze entdecken an zum Beispill hiert Täschegeld besser ze geréieren.
Wat fir Sujete kommen dann am Fingol fir?
Bei der FinGol Junior App kann de Spiller e fiktive Profil erstellen, e Konto an e Spuerkont opmaachen, säi Budget managen a oppassen, dass seng Ausgaben net méi héich si wéi séin Akommes. Et ass och méiglech verschidden Assurancen ze kafen. Zousätzlech huet de Spiller d ‘Méiglechkeet vu Mount zu Mount ze sprange fir d'Évolution vum finanzielle Liewen ze simuléieren.
Hei fannt der all d'Informatiounen ronderëm d'App a wou der se kritt!
D'Financial Game of Life (FinGoL) Spill, dat op Messenger vu Facebook verfügbar ass, enthält zousätzlech Méiglechkeeten, wéi zum Beispill e fiktive CV ze kreéieren, eng Aarbecht ze fannen, e Prêt opzehuelen, en Appartement/Haus ze kafen oder ze lounen, en Auto ze kafen oder op der Bourse aktiv ze ginn an do Nohalteg Produkter ze kafen a souguer en Charity Sektion wou ee Suen un ONG ka ginn déi engem um Häerz leien Erklärungsvideoen an Texter sinn ëmmer dobäi fir een ze informéieren an ze hëllefen. Genausou wéi flott kleng Quizzer fir d´Wëssen ze testen an och säi Progrès ze erkennen.
Also Spaass a Léiere fir d’ Liewen ass méiglech mam Fingol?
Finanzen ass fir déi mécht Leit eng komplizéiert Welt a mir loossen déi Administrativ Tâchë bis zum Schluss. Mir probéieren et esou gutt wéi méiglech ze erklären a méi Verständlech ze maachen, well et och een immens wichteg Thema ass a jiddereen ass betraff a misst kennen Entscheedungen treffen andeems ee gutt informéiert ass. Ech menge vill vun eis hunn als Kand an och als Erwuessener Monopoly gäre gespillt an hei ass bëssen de selwechte Prinzip. Spillen a vergiessen dass een am Fong och vill dobäi léiert.