Education financière: dat klengt komplizéiert, a wéi wann et eppes aus der Schoul wier. Dobäi ass Wëssen an der Finanzwelt fir jidderee wichteg:

Wat versteet een da genee ënnert "Education Financière" ?

Bei der Education Financière  geet et dorëm Basis Kenntnisser aus der Finanzwelt ze vermëttelen. D’ Zil ass, dass all Mënsch genuch Wëssen iwwer d ‘Finanzen huet, fir effizient a verantwortlech mat sengen Suen ëmgoen ze kënnen. Et soll a muss een sech och de verschiddene Risiken bewosst sinn, deenen ee begéine kann. De Risiko ass hei och reell. Dat well Suen a Finanze fest zu eisem Alldag gehéieren.

Fir wat ass Education Financière esou wichteg?

Dofir ginn et vill Grënn. Eebe well jidderee vun eis mat der Finanzwelt konfrontéiert gëtt. An dat all Dag!
Eemol ass et dee staarken Drock op d'Leit, ze consomméieren. An och op déi Jéngst an eiser Gesellschaft fänkt dësen Drock ëmmer méi fréi un. Kanner hunn dacks scho fréi en Handy a kafe sech och zum Beispill Spiller, oder wëlle Suen ausginn fir zousätzlech Funktiounen fräizeschalte bei Spiller an Apps. Ma och den Ëmgang mam Täschegeld ass scho fréi een Deel vun hirem Liewen.

Dann ass et och wichteg iwwert d'Finanze Bescheed ze wëssen. Dat duerch déi wuessend Komplexitéit vun de Finanz Produkter. Donieft ginn dës och nach ëmmer méi liicht zougänglech, dat och duerch den Internet. Dat sinn zum Beispill esou Saache wéi Bitcoin oder Crowdfunding-Plattformen deenen ee gäre begéint. Mee wéi gutt kenne mer eis eigentlech domat aus?

Lauschtert hei eran!

Déi wichtegst Missioun an der Finanz-Educatioun ass wuel d'Zil d'Konsumenten virun Iwwerverschëldung ze schützen. D'Leit sollte permanent en Iwwerbléck iwwert hier Ausgaben an hiert Akommes hunn. Dat fir net ze riskéieren ze vill auszeginn. Et brauch ee just zum Beispill Präisser op dem Lëtzebuerger Immobilien Marché unzekucken. Do ass et wichteg op verschidden Zenarien preparéiert ze sinn, a scho fréi genuch dës Ausgaben anzeplangen. Ma och déi finanziell Problemer déi als Konsequenz aus der aktueller Pandémie entstane sinn, weisen, dass et séier geschitt, dass eisen Alldag sech radikal verännert. Wie sech schonn am Viraus op éischter ongewëss Momenter astellt, ass dann och an enger Krisesituatioun um finanzielle Niveau méi sécher. Ee Kredit ass dacks bëlleg – dat awer haut, ma dat muss awer net esou bleiwen. Donieft hu mer och ëmmer méi Ausgaben op verschiddene Plattformen. Sief dat duerch ëmmer méi verschidden Aboe, wéi zum Beispill fir Musek ze lauschteren oder Filmer ze kucken. Oder wëll ee Villes iwwert Leasing "kafe" kann. Dat fänkt beim Auto un, a geet iwwert d'Kaffismaschinn, bis bei d'Vakanz.