Déi meescht Leit hei zu Lëtzebuerg hu Scholden. Duerch zum Beispill de Prêt fir d'Haus oder d'Studien. Mee wat bedeit et an der "Iwwerschold" ze sinn?

Wat ass dann iwwerhaapt Iwwerschëldung?

Zu Lëtzebuerg ass eng Persoun iwwerschëlt, soubaal ee seng Scholden net méi kann zeréck bezuelen. Also ass d’Iwwerverschëldung dee Moment, an dem ee vill méi Ausgaben huet, wéi ee verdéngt oder och gespuert huet. Dozou gehéiere Kreditter bei der Bank, den Abo vum Handy, mee och Liewenskäschte wéi Waasser oder Elektresch.

A ganz ville Fäll taucht des Situatioun op wann ee Kreditter bei enger oder puer Banke gemaach huet, ouni den néidege finanzielle Spillraum ze hunn. Wann een z.B. Sue léint fir en Auto, eng Wunneng, sech dann nach en Handy op Kredit hëlt an och Vakanzen ze bezuelen huet, da riskéiert ee schnell déi global Vue iwwert seng perséinlech Finanzen ze verléieren.

D'Konsequenz: et geréit een an en Däiwelskrees wou d'Leit dann effektiv Sue léine musse fir hir Scholden iwwerhaapt kënnen zeréck ze bezuelen.

Wéi séier riskéiert een hei zu Lëtzebuerg an d'Iwwerverschëldung ze geroden?

Et ass wichteg ze soen dass et ganz séier goe kann an, dass et och egal ass ob  méi oder manner verdéngt - d’Iwwerverschëldung kann ee jiddereen treffen!

Ganz oft ginn et een oder méi Ausléiser déi d ‘finanziell Situatioun vun enger Persoun weider belaaschten an zu enger Iwwerschëldung féieren. Wéi zum Beispill de Verloscht vun der Aarbechtsplaz, e Stierffall, eng Scheedung, oder och eng schlëmm Krankheet!

Dozou kënnt och leider dacks ee liichtsënnegen Ëmgang mat Suen, bei deem een net kontrolléiert huet, dass engem seng Ausgabe méi héich  wéi d’Akommes. An deem Fall huet een dann och keng Suen op der Séit fir am Noutfall kennen dorop zréck ze gräifen.

Zu Lëtzebuerg ginn et och dacks Fäll wou Leit an Nopeschlänner gi fir Kreditter ze maachen. Dës sinn zwar ganz liicht ze kréie sinn, ma hunn awer een héijen Zënssaz. Dat si meeschtens Leit déi u sech net d’Moyenen hunn, sech ee weidere Kredit ze leeschten, mee an eng Noutsituatioun  sinn a gerode keen aneren Auswee méi gesinn. An deem Kontext ass et wichteg nach eemol ze soen dass Sue léinen och Sue kascht. Beim Kredit bezilt een nämlech dat zeréck wat ee geléint kritt, plus nach d ‘Zënsen dobäi!  

Wat kann ech dogéint maachen, a wéi hëlleft Lëtzfin mer do?

Wien eng Iwwerverschëldung wëll evitéieren lieft am Beschten nom Prinzip: « Et soll een net méi ausginn ewéi een huet ». Et ginn awer och aner Méiglechkeeten, wéi z.B. den eegene Budget opzestellen. Hei gëllt et genee auszerechne wéi vill Akommes an Ausgaben een huet a wéi vill Spillraum nach iwwereg bléift fir ee weidere Kredit ze maachen. Et soll een einfach seng Finanzen iwwerwaache fir kënnen d'Noutbrems ze zéie wann dat néideg ass.

Wie mat senger Situatioun iwwerfuerdert ass, ka sech extern Hëllef huelen. Zum Beispill beim Service d'Information et de Conseil en matière de Surendettement (SICS) vun der Ligue Medico-Sociale oder d’ASBL Inter-Actions. Sie bidde Berodung un an hëllefe Leit déi an eng Situatioun vun Iwwerschëldung  sinn. Weider Informatiounen iwwert des Servicer an d ‘Iwwerverschëldung fannt dir natierlech op der Internetsäit letzfin.luhëllefegerode.

Lauschtert hei eran!