Kryptowärung wéi Bitcoin an Ethereum a co. si ferme um kommen. Mee wat ass dat eigentlech? Wéi kann ee se benotzen? A wéi sécher si se?

Kryptowärung: wat ass dat iwwerhaapt?

Kryptowärungen, wéi z.B. den Bitcoin, sinn digital Representatiounen vu Geld. Si hu kee physesche Support wéi eis EURO-Schäiner a Mënz, mee se ginn representéiert duerch Coden déi elektronesch stockéiert an transferéiert ginn.

Lauschtert hei eran!

De Gros vun dësen Wärungen sinn op der sougenannter “Blockchain” Technologie baséiert. D’Blockchain erlaabt dem Benotzer en ëffentlechen an transparenten Zougang op ee Register ze hunn, wou een all eenzel historesch Transaktioun nokucken kann.
Aktuell ginn et méi wéi *4000 verschidde Kryptowärungen. Dat geet vun de bekanntste wéi dem Bitcoin, dem Ethereum oder dem Litecoin, bis op manner bekannten wéi de Catcoin oder TrumpCoin.

Wat ass den gréissten Ennerscheed zwëschen Bitcoin an den klassesche Wärungen wéi den Euro/Dollar?

Den gréissten Ënnerscheed ass, dass déi klassesche Wärungen “zentral” vun de Staten kontrolléiert ginn, woubäi d’Kryptowärungen éischter “dezentraliséiert” sinn, well se vun den Benotzer kontrolléiert ginn. D‘Valeur vu Kryptowärungen ass dohier net staatlech garantéiert mee ass vun der Nofro vun hire Benotzer ofhängeg. Dat heescht: wa keen d’Kryptowärung benotzt, dann ass déi och näischt wäert.

Vill Léit stellen sech d’Fro wéi an wou een déi iwwerhaapt notzen kann?

Viru puer Joer huet een duerch vill negativ Schlagzeilen d’Kryptowärungen haaptsächlech als Bezuelungsmettel um sougennanten “Darknet” fir illegal Transaktioune ugesinn. Mat der Zéit awer hunn déi Wärungen sech ëmmer méi an eisen Alldag ageschlach. Haut kann een op villen Plazen domat bezuelen, haaptsächlech online mee awer och am Alldag andeems een ganz einfach eng App op sengem Handy benotzt. An verschiddene Stied kann ee souguer schonn säi Kaffi domat bezuelen!

Wouhier kënnt deen Hype ronderëm Kryptowärungen?

Bitcoin & Co. si séit puer Joer ganz einfach e Moudephenomen. Dat kennt haaptsächlech duerch déi Geschichten déi een héieren huet wou Leit iwwer Nuecht „Krypto-Millionaire“ solle gi sinn. De Wäert vun den Kryptowärungen huet extrem Schwankungen. An dofir kann de Wäert vun engem Dag op den aneren drastesch änneren. Dëst zitt natierlech vill Leit un, well jidderee dovun dreemt séier an “einfach”räich ze ginn. D ‘Realitéit beweist awer, dass et net nëmme Gewënner, mee och Verléierer gëtt.

Op wat muss ech oppasse bei de Kryptowärungen?

Wann een esou Wärungen kafen wëll, soll ee sech am Virfeld informéieren a verstoen wéi dës Wärunge fonktionnéieren. D’Kryptowärungen sinn nämlech net reguléiert an bidden soumat och keng wierklech juristesch Protektioun fir de Benotzer.

Wann een dodran investéieren wëll, soll een och  d‘Konsequenz op déi eege finanziell Situatioun bedenken am Fall wou een géing alles verléieren. Am beschten soll een nëmmen Suen investéieren déi een och prett ass ze verléieren. Et ass wichteg ze soen, dass Spekulatioun mat Kryptowärungen héich riskant ass!

Ee leschte wichtege Punkt ass d’Sécherheet vum virtuelle Portemonni. Privat Persounen oder Plattformen wou ee Kryptowärungen ka kafen, kënnen och “gehacked” ginn an domat kann een all seng Coins verléieren. Et soll een also sécherstellen dass een déi néideg Protektioun huet, fir esou een Hacking-Virfall ze verhënneren. An da soll een nach ëmmer verifizéieren, ob déi Plattforme, wou een esou Wärungen keeft och wierklech agrééiert sinn.