Bei Nohaltegkeet an Ökologie denke wuel déi mannst un d'Finanzwelt. Dobäi ass dës och hei wichteg. An och hei kënne mer all eisen Deel dozou bäidroen!

Nohaltegkeet a Finanzen. Passt dat iwwerhaapt zesummen?

Hautzedaags gesäit ee ganz kloer dass eis Welt um Wee ass sech Punkto Nohaltegkeet ze änneren. D'Sozial Ongläichheeten, d'Ausschöpfung vun natierleche Ressourcen an d'Emweltverschmotzung si Beispiller vun de Problemer déi d'Mënschheet muss affrontéieren. Mir musse souwuel verhënneren dass mir op Käschte vun zukënftege Generatioune liewe wéi och op Käschte liewe vu Leit an aneren Deeler vun der Welt.

Dofir brauche mir eng nohalteg Entwécklung, déi aus dem Zesummespill tëscht Ëmwelt-, Ekonomeschen- a Sozialen Domaine besteet. D'Finanz spillt hei eng wichteg Roll fir esou eng Entwécklung a Beweegung ze kréien.

Lauschtert hei eran!

Wisou ass et wichteg, dass och eis Finanzen nohalteg ginn?

Nohalteg Finanze sollen dozou bäidroen, dass een éiergäizeg Zieler, wéi z.B. de Green Deal vun der Europäescher Kommissioun, erreeche kann. Hei geet et dreems e Klima-Neutraalt Europa ze hunn bis d'Joer 2050. De Finanzbedarf fir esou Ziler z’erreechen ass enorm. Dofir si grouss Investissementer an der Héicht vu Milliarden Euroen néideg fir den Ëmbau vun der Ekonomie. Dëst kann also nëmmen erreecht gi wann et nohalteg an transparent Finanz-Produite ginn déi d'Vertraue vun de Leit hunn. Do ass souwuel d'Finanz Welt gefuerdert, dorënner och d'Banken an d'Fongen, wéi och mir als Privatpersounen an eisem Ëmgang mat Suen.

Wéi nennt een da finanziell Investitiounen déi Nohalteg sinn an wéi funktionéieren déi?

An dësem Fall schwätzt ee vun "ESG" Investitiounen.

Den "E"  steet fir "Ëmwelt": Hei ass den ökologeschen Aspekt am Virdergrond, wéi z.B. den Ëmgang mat erneierbaren Energien an d’Zil d’Ëmweltverschmotzung ze reduzéieren.

"S"steet fir "Sozial": Hei sollen d’Aarbechtskonditiounen am Virdergrond stoen. Wéi zum Beispill d’Wuelbefanne vun de Mataarbechter oder fair Gehälter. Nieft dem Profit muss och dat mënschlecht Kapital erweidert ginn.

"G" steet fir "Geschäftsmanagement": Hei ass et wichteg dass d‘Investissementer gemaach gi fir op laang Dauer eppes ze verbesseren an net just de Profit als kuerzfristegt Zil ze hunn.

Wat kann ech dozou bäidroen, a wou kann ech mech doriwwer informéieren?

Jidderee kann dozou bäidroen, andeems e sech freet a wéi engem Mooss säi Verhalen Nohalteg ass.

Eng Method sinn natierlech finanziell Investissementer ze maachen. Et kann een z.B. an een Investment- respektiv Pensiouns Fong investéieren déi des ESG Kriterien integréieren. Et ginn och aner Produite wéi z.B. Green Bonds déi een ënner anerem op der Lëtzebuergescher Bourse fanne kann.

Et kann een awer och schonn dozou bäidroen andeems een den eegene Konsum verännert. Éier een e Produit am Supermarché oder online keeft, soll een sech d'Fro stellen op een dat wierklech brauch an och wat dohanner stécht. Bei enger online Bestellung muss een sech bewosst sinn, dass et och Säite gëtt déi negativ Konsequenze fir eis all hunn: onnéidegen Transport, Sozial Ausbeutung vu Mënschen an och d’Zerstéierung vun den Artikelen déi zeréck geschéckt ginn. Dofir ass et wichteg bewosst anzekafen. Esou ka jiddereen dozou bäidroen de Verbrauch vu Ressourcen ze reduzéieren an doriwwer eraus och nach Suen ze spueren.

Weider Informatioun iwwer Nohaltegkeet an Finanzen fannt dir op www.letzfin.lu.