Beim Crowdfunding kënnen duerch kleng Zomme ganz grouss Projeten an Initiativen ënnerstëtzt ginn. Och hei gëllt et awer opzepassen.

Crowdfunding hu mer eigentlech schonn all iergendwéi héieren. Mee wat ass dat eigentlech?

Beim Crowdfunding geet et em d’Finanzéierung vu Projeten duerch eng grouss Unzuel vu Leit. D'Grondiddi ass hei, datt vill Leit kleng Zommen investéieren fir dass den Projet ka realiséiert ginn. Fir sougenannte Participanten unzezéien, ginn esou Projete meeschtens op speziell online Crowdfunding Plattforme presentéiert, wéi z.B. Kickstarter oder Patreon.

Fir wéi eng Finanzéierunge benotzt een da Crowdfunding?

Et ënnerscheet een haaptsächlech tëscht 4 Aarten vu Crowdfunding.

  • Dat ass eemol Crowdfunding deen op Beloununge baséiert. An dësem Fall gi Leit Suen fir e Projet, mat der Erwaardung spéiderhin eng materiell Belounung als Retour ze kréien. Wéi z.B eng ënnerschriwwen CD vum Artist vun dem de Projet co-finanzéiert gouf.
  • Da gëtt et de Crowdfunding deen op Spenden baséiert ass. Hei gi Sue fir spezifesch sozial an karitativ Projeten gespent ouni dass een eng finanziell oder materiell Entschiedegung kritt.
  • Als nächsten hu mer de Kredit-baséierte Crowdfunding oder och Crowdlending genannt. Dësen erlaabt Suen an e Projet z’investéieren, mat der Erwaardung datt den investéierte Betrag, an deemno wéi Zënsen, zréckbezuelt ginn.
  • Als lescht hu mer de Crowdfunding deen op Undeeler baséiert ass, oder och Crowdinvesting. Hei kritt den Investor en Deel vun den zukënftege Profitter vum finanzéierte Projet, z.B. ënnert der Form vu Wäertpabéier.

Lauschtert hei eran!

A wéini loossen ech léiwer meng Fangeren, respektiv meng Finanzen dovun ewech?

Wéi bei all Investissementer soll een sech den verschiddenen Risiken bewosst sinn.
Beim Crowdfunding ass dat investéiert Kapital net garantéiert a kann deelweis oder komplett verluer goen. Oft gëtt Crowdfunding fir den Finanzement vun Start-up Projeten benotzt. Hei ass den Risiko vun enger Insolvenz méi grouss wéi bei Entreprisen déi schonns um Maart etabléiert sinn.

Et soll een och wëssen, dass beim Crowdfunding eng grouss Zuel u Leit een Projet finanzéieren. Doduerch huet den Eenzelen kaum nach ee Matsproochrecht.
Et ass och gutt ze wëssen, dass vum November un den Crowdfunding op europäeschem Niveau geregelt gëtt. Hei ass et d’Zil de Verbraucher besser ze schützen.

Weider Informatioun iwwer Crowdfunding fannt dir op www.letzfin.lu.