Eng kleng Reserve u Suen ass ni verkéiert ze hunn. Ma vill Leit schafe sech dës Reserve hautdesdaags iwwer investéieren.

Wéi kann ech Geld uleeën?

Wat bedeit dat iwwerhaapt Suen unzeleeën?

Wann ee bësse Suen op der Säit huet da kann ee sech entscheeden en Undeel dovun z’investéieren. De Moment kritt ee jo um Spuerbuch quasi keng Zënsen. Dofir décidéiere vill Leit hier Erspuertes unzeleeën andeems si z.B. an Aktien, Obligatiounen oder Investmentfongen investéieren.

Wat versteet een ënner Aktien, Obligatiounen an Investmentfongen?

Wann een eng Aktie vun enger Gesellschaft keeft, da gëtt een zum Besëtzer vun engem Brochdeel vun dëser Gesellschaft. Wann dës gutt Resultater mécht, kann en Undeel vum Bénéfice kréien. Dat nennt een eng Dividend.

Mat Aktien kann een awer och spekuléieren andeems een Aktien keeft a verkeeft. De Präis vun Aktien changéiert jee no Offer an Demande op der Bourse. Bei der Spekulatioun vun Aktien besteet awer ëmmer ee Risiko.

Lauschtert hei eran

Leit déi Obligatioune kafen, léinen domat engem Staat oder enger Firma Suen. All Joer kritt een dovun Zënsen, an zu engem fest geluechtem Datum muss een och dat geléinten Geld zeréck kréien. De Virdeel fir den Investisseur ass datt een hei am Viraus genee weess wéini hie wéi vill kritt. Ausser natierlech, wann dat Land oder déi Firma eng Faillite hätten an net zeréckbezuele kéinten.

En Investmentfong bréngt d'Erspuernisser vu ganz ville Leit zesummen. De Fong selwer notzt dann dëst Kapital an investéiert et a verschidde Produiten. De Virdeel vun engem Investmentfong ass dass dat ganzt Kapital vun deene verschiddene Leit op verschidde Produiten verdeelt gëtt. Doduerch gëtt de Risiko fir deen Eenzelnen reduzéiert. Schlussendlech hängt awer de Risiko bei all Fong och dovun of a wéi eng Produiten hien investéiert.

Op wat muss een oppassen wann een investéiert?

Dat wichtegst ass wéi ëmmer an der Finanzwelt: sech gutt informéieren! Wat een méi iwwert déi potentiell Risike weess, wat besser. Den Investisseur deen méi Sue verdéngen wëll muss och méi riskant Produiten kafen. Dobäi ass et wichteg ëmmer seng finanziell Situatioun am Kapp ze behalen.