
© pexels.com
Vu ville Leit gi se als Laascht empfonnt. Dobäi hunn d'Steieren ee ganz groussen Afloss op eisen Alldag.
Wat ass eigentlech den Ënnerscheed tëscht Brutto an Netto beim Salaire?
De "Brutto Salaire" ass eigentlech de Startpunkt. Dësen ass de Salaire deen och am Aarbechtskontrakt steet. Aus dem Brutto Salaire gëtt den Netto Salaire duerch d’Suen déi ofgi fir sozial Leeschtungen. Den Nettosalaire sinn dann d’Suen déi ee reeell op de Konto iwwerwise kritt.Wat genee gëtt da vum Brutto Salaire ofgezu fir op den Netto Salaire ze kommen?
Als éischt ginn d’Sozialabgaben ofgerechent (Cotisatioun sociale op franséisch). Dat sinn:
- Krankeversécherung
- Pensionsversécherung
- Dependenzversecherung
D’Sozialabgaben si gréisstendeels dofir do fir d’Krankekeess an d’Pensiounskeess héi zu Lëtzebuerg ze finanzéieren. Duerch dës gi mer finanziell ënnerstëtzt wa mer krank ginn, oder bezuelen eis Pensioun wa mer am Alter fäerdeg si mam schaffen.
No den Sozialabgaben ginn dann d’Steieren nach ofgerechent. Wat ee méi verdéngt, wat een och méi Stéieren bezilt! Déi Suen ginn direkt an d‘Staatskeesen a gi genotzt fir zum Beispill Stroossen a Schoulen ze bauen. Oder och Pompjeeën an Polizisten ze bezuelen.
Steieren ginn oft negativ duergestallt an d’Leit hunn d ‘Gefill dass des hier Finanziell Situatioun nëmmen belaaschten. Ass dat da wierklech esou?
Steiere sinn ee ganz wichtege Pilier vun enger gesonder an funktionéierender Economie. All Persoun déi zu Lëtzebuerg lieft kann déi modern Infrastrukturen, sief et an den Spideeler, Autobunnen oder an den Schoule fräi notzen. Och d’Sécherheet op der Strooss, oder een ëffentlechen Verkéier dee komplett gratis ass, sinn Argumenter déi aus Lëtzebuerg e Land maachen wou ganz vill Leit hiwëllen. All déi Leeschtungen wären ouni Stéieren net méiglech.
Et schwätzt een och oft vum „salaire minimum“. Wat ass dat a wei héich ass deen?
De “salaire Minimum” oder och sozialen Mindestloun genannt, ass de Minimum dee eng volljähreg Persoun zu Lëtzebuerg verdéngen muss wann e 40 Stonnen d’Woch schafft. Um 1tn Januar 2021 louch dëse Salaire 2.200 EUR. Da gëtt et nach de “qualifizéierten Mindestloun” deen 20% méi héich ass wéi de soziale Mindestloun. Wéi héich dëse Mindestloun ass hänkt och vum Niveau vu de beruffleche Qualifikatioun vum Employé of.