Am Beschten ass et, wa mer se net an Usproch huele mussen. An deene schlëmmste Situatioune si se awer enorm wichteg. Eis Assurancen.

Fir wat musse mer iwwerhaapt Assurancen hunn?

Eng Assurance, och Versécherung genannt, erlaabt engem sech finanziell géint Risiken ofzesécheren. Duerch eng Versécherung ass ee géint bestëmmte Risike geschützt, andeems een entschiedegt gëtt am Fall vu Schued oder engem Accident. Beispill: Dir fuert mat ärem Scooter op der Strooss, dir faalt op de Buedem an de Scheinwerfer vun Scooter geet futti. Wann de Scooter assuréiert ass, iwwerhëlt d'Assurance d’Käschte fir d'Luucht ze reparéieren.

Wéi muss ee virgoe fir esou eng Assurance ofzeschléissen?

Ganz einfach: fir sech ze versécheren, muss een ee Kontrakt mat enger Assurance-Gesellschaft ënnerschreiwen an ee gewësse Betrag bezuelen – Versécherungsprime genannt. Wat ee méi dacks Accidenter oder Schied huet, wat d’Versécherungsprime méi deier gëtt. Dat ass d‘Konzept vum Bonus-Malus.

Lauschtert hei eran!

Wéi eng Versécherunge ginn et dann?

Et kann een absolut alles versécheren, vun engem Knéi bis hin zu engem Hausdéier. Déi heefegst Versécherungen sinn awer:

  • D’ Autosversécherung, dës Versécherung ass obligatoresch hei zu Lëtzebuerg wann ee mat sengem Auto op enger ëffentlecher Strooss fuere wëll. Hei gëtt kierperlech oder materielle Schued gedeckt. Also Schued deen ee bei aneren Leit oder Gefierer mam egenen Auto verursaacht. Wann een eng Kaskoversécherung huet, profitéiert een da vu gewësse Virdeeler wann dir selwer  fir en Accident verantwortlech sidd.

  • D’Haftflichtversécherung, deckt ee Schued, deen dir engem Aneren verursaacht hutt.

  • D'Wunnengsversécherung, dës deckt Schued verursaacht duerch Waasser, Feier oder  eventuell och Déifstall am Haus oder Appartement.

Wat riskéieren ech wann ech net oder falsch verséchert sinn, a wat gëtt et soss vu Geforen?

Versécherunge ginn et a ganz ënnerschiddleche Formen an Varianten. Dohir muss een ier een ënnerschreift, genee kontrolléieren, dass de gewënschte Risiko tatsächlech assuréiert ass.
Am Fall wou engem eppes geschitt, ouni dass ee géint dee Risiko verséchert ass, muss ee selwer an d’Täsch gräife fir de Schued ze bezuelen.
Sech géint all Risiko ze versécheren ass eigentlech onméiglech. Dofir ass et wichteg sech gutt ze iwwerleeën wéi eng Versécherung een ofschléissen well.