Bedruch gëtt och an der Finanzwelt gäre bedriwwen. An do ginn déi Onéierlech ëmmer méi kreativ. Dofir muss een immens gutt oppassen:

Wéi eng Formen vun Bedruch sinn déi heefegst?

Et gi ganz vill Methoden, mee mer ginn emol op déi heefegst an!
Méi dacks huet ee villäicht scho vum sou genannte Phishing héieren. Do gi Leit dozou verleet, duerch falsch Informatiounen, iwwer Internet oder Telefon hier Passwierder weider ze ginn.
Oder et ginn och ganz einfach Internetsäiten vun z.B. enger Bank kopéiert, wou dann all d’Angaben déi een do antippt, direkt un déi Verbriecher ginn. Dat gëtt “website spoofing” genannt. Dës benotzen duerno déi Informatioune vun iech fir äert Geld vun ärem richtegen Konto ze klauen.

Wéini muss ech besonnesch virsiichteg sinn?

Et ginn 3 Situatiounen bei deenen een direkt soll virsiichteg ginn:

Éischtens, wann een onerwaart per Telefon oder E -Mail kontaktéiert gëtt vu Leit déi behaapten vun z.B ärer Bank oder enger bekannter Computerfirma ze sinn. Si behaapten dir hätt iergendwelch Problemer a fir dës ze behiewe bräichte si Accès op äre Computer an froen no de Passwierder. Eng Bank freet dëst ni einfach esou iwwer Telefon.

Zweetens, wann dir eng Offer gemaach kritt déi wesentlech méi héich Profitter versprécht wéi vergläichbar Offeren. Wann et ze schéin kléngt fir wouer ze sinn, ass dat och meeschtens sou!

An drëttens: wann een ënner Drock gesat gëtt fir séier eng Entscheedung ze treffen well et sech angeblech em eng eenzegaarteg an exklusiv Geleeënheet handelt. Dëst géif eng seriös Entreprise net maachen!

Lauschtert hei eran!

Wat kann ee selwer maachen ?

Et ginn e puer Punkten déi jiddereen a sengem Alldag berücksechtege soll:

  • Et soll een ni op e Link an enger E-Mail klicken vun där en net weess vu wiem se ass oder wou een Zweiwel iwwert d’Identitéit vum Absender huet.
  • Op kee Fall soll ee vertraulech Informatiounen iwwer E -Mail weiderginn. A scho guer net seng Passwierder. Déi soll een kengem matdeelen!
  • Finanzgeschäfter soll een nëmme mat approuvéierten Finanzfirmen maachen. Eng Lëscht vun dëse Firmen fënnt een op der Internetsäit vun der CSSF. Do fannt dir och d'Warnungen aus dem Finanzsecteur.
  • Beim E-Banking soll een ëmmer iwwerpréiwen op een tatsächlech op der Websäit vu senger Bank ass an net op engem gefälschte Phishing Site.