
© pexels.com
Amplaz direkt de volle Montant vun engem Produit ze bezuele, bezillt een dësen no an no of. Dat ass immens lackeleg, mee kann och geféierlech ginn.
Ëmmer méi dacks kritt een um Internet oder a Geschäfter ugebuede seng Akeef méi spéit ze bezuelen. Wat versteet een da genee ënner "Buy-now-pay-later" ?
Wéi de Begrëff et seet, handelt et sech dobäi em Offeren, déi dem Konsument erlaben e Produit direkt ze kafen deen ee méi spéit bezuele kann. Et gëtt hei dem Client erlaabt z.B. all Mount Bezuelungen ze maachen anstatt de volle Montant direkt ze bezuelen. Wärend d’Optioun "Elo Kafen-spéider-bezuelen" ufanks haaptsächlech am Online Commerce ugebuede gouf, gëtt se elo och ëmmer méi vun de Clienten an traditionelle Geschäfter benotzt.
Wat sinn da Virdeeler vu "Buy-now-pay-later"?
Elo kafen a méi spéit bezuelen ass ideal wann een en dréngende Besoin huet fir eppes z'ersetzen, awer net d’Suen huet fir direkt dee volle Betrag ze bezuelen. Wéi z.B wann eng Wäschmaschinn futti geet. De Konsument muss bei dësen Offere meeschtens keng Zënse bezuelen. Dat ënnert der Bedingung datt een och och mat Zäiten zeréck bezilt.
Wat sinn da Risike vu "Buy-now-pay-later"?
Et muss een sech bewosst sinn, dass wann een esou eng Offer akzeptéiert, léint ee schlussendlech Suen déi ee fir de Produit brauch. A wéi bei all Kredit muss een des Suen och iergendwann zréckbezuelen.
Esou Offere féieren dacks dozou, dass ee Saache keeft, déi een sech eigentlech net leeschte kann. Dobäi kënnt nach, dass wann een net mat Zäiten zréckbezuelt, kann et séier ganz deier ginn. Jee no Offer fale Fraisen oder Zënsen un, déi bis zu 25% vum Gesamtbetrag ausmaache kënnen. Besonnesch fir finanziell vulnerabel Leit erhéicht dat de Risiko an den Däiwelskrees vun der Iwwerverschëldung ze rutschen.
Ginn et do e puer Rotschléi?
Jo, et ginn hei e puer Punkten déi wichteg sinn:
- Et ass wichteg d'Allgemeng Geschäftsbedingungen ze liese fir d’Verflichtungen ze verstoen déi mat der Offer verbonne sinn.
- Et soll een sech strikt un säi Budget hale fir den Iwwerbléck iwwer seng Finanzen ze hunn. An et soll een näischt kafe wann een net weess ob een zeréckbezuele kann.
- Et soll een evitéieren e puer "Buy-now-pay-later" Servicer zur selwechter Zäit z'akzeptéieren.
- Et sollt een "Buy-now-pay-later" net als Standard bei sengen Akeef benotzen.
Wann een des Rotschléi consideréiert ass d'Optioun "Buy-now-pay-later" definitiv eng Alternativ zu anere Kreditformen.