Den Auto leasen amplaz ze kafen - dat gëtt ëmmer méi dacks gemaach. Et ginn awer eng Rei Saachen op déi ee soll oppassen, fir dës Offer optimal ze notzen.

Wat ass Leasing?

Leasing kann een am Fong mat lounen vergläichen. Dat heescht beim Auto leasen kann een den Auto benotzen, ouni dass en engem gehéiert. Bei engem Leasing Kontrakt muss een all Mount déi sougenannten Leasing-Rate bezuelen, bis een den Auto zeréck gëtt. D’Héicht dovunner hänkt vum Autospräis, a vun der Limit vu Kilometer déi ee fueren dierf of. An den eventuellen zousätzleche Leeschtungen déi am Kontrakt stinn. Esou ee Kontrakt geet iwwer eng bestëmmten Dauer, déi normalerweis tëscht zwee a véier Joer leit.

Lauschtert hei eran!

Wéi gesinn d’Virdeeler vum Leasing aus?

  • Mat engem Auto-Leasing kann ee méi heefeg wiesselen, an esou huet een ëmmer en Auto deen aktuell ass.
  • Et bleift ee flexibel! Amplaz de volle Präis vum Auto ze bezuelen, bezilt ee wéi gesot all Mount, respektiv all Joer, e fixen Montant. Jee no Kontrakt kann een den Auto och um Schluss zu engem fixe Präis ofkafen.
  • Et gi verschidde Varianten vu Leasing-Kontrakter an deenen zum Beispill Reparaturen an Assurancen mat abegraff sinn. An dësem Fall huet de Client dank der fixer Leasing-Rate e gudden Iwwerbléck iwwert seng Käschten, an evitéiert domat béis Iwwerraschungen.

An d’Nodeeler?

  • D'Leasingfirma bleift de Besëtzer vum Auto an de Client däerf keng Ännerunge vum Gefier maachen (z.B. Tuning).
  • All Revisioune mussen agehale ginn an d’Gefier muss permanent ënnerhale ginn. Schied déi net ënnert normalen Verschleiss falen, muss de Client selwer bezuelen éier en den Auto rëm gëtt.
  • An et ass immens schwéier de Kontrakt während senger Lafzäit ze kënnegen.

Ass de Leasing eng méi gënschteg Léisung, wéi den Auto iwwer en Prêt ze kafen?

Ob Leasing méi bëlleg ass wéi den Auto mat engem Prêt ze kafen hänkt vun de Konditiounen a Leeschtungen vun den eenzelne Kontrakter of. Natierlech, wéi bei all Kontrakt, soll een alles duerchliesen a verstoen éiert een en ënnerschreift.

Et soll een och am Viraus e Verglach vun all de Käschten maachen, déi bei den verschiddenen Offeren entstinn. An dann déi Léisung wielen déi am beschten passt.

Egal ob Leasing oder Prêt: et muss ee sech bewosst sinn, dass all Mount Käschten ufalen. Beim Leasing muss ee meeschtens am Ufank och nach zousätzlech ee bestëmmten Montant bezuelen. Dofir ënnerschreift op kee Fall, wann der Zweifel hutt, ob der alles kënnt bezuelen.