Wann een de Späicher raumt fënnt een oft al Spillsaachen erëm. Warscheinlech ass dann och en ale Gameboy, Nintendo oder eng Playstation dobäi.

Wien da ganz nostalgesch gëtt an et net kann ofwaarden déi al Konsolen un de Fernsee unzeschléissen dee mierkt schnell dass dem moderne Fernsee oft Uschlëss feelen oder et esouguer einfach Stécker feelen.
Eng Léisung heivir ass en moderne Retro-Handheld. Kléngt widderspréchlech ass et awer net. Domadder ass nämlech eng modern Adaptatioun vum klasseschen Handheld gemengt.

En Handheld kann een als portabel Videospill-Konsol bezeechnen, wéi d'Klassiker Gameboy, PSP, oder déi méi modern, wéi d'Nintendo Switch Lite. De Virdeel ass, et luet een den Akku op oder et stécht een zwou Batterien dran an et kann een ufänken déi digital Welten ze entdecken.

Déi meeschte modern Retro-Handhelds si Software-Emulatoren. Aneschters ausgedréckt gëtt dem Spill virgegaukelt dass et op enger richteger Konsol gespillt géif ginn. Esou kann een zum Beispill Spiller vun der Nintendo 64, Atari, Sega a Playstation op dem selwechten Handheld spillen. Dofir brauch een dann nëmmen eng ROM vum Spill. Eng ROM ass eng Digital Kopie vun enger aler Kassett oder CD.

D'Handhelds sinn zimmlech praktesch, vue dass ee Spiller vu verschiddene Konsolen drop spille kann. Et brauch ee just ee Gerät wat all d'Retro-Konsolen ersetzt. Zudeem kann een ëmmer an iwwerall spillen. Dat ganzt esouguer an enger besserer Grafik wéi beim Original. Leider ass d'Spillerliefnis awer net d'selwecht wéi um grousse Fernsee, mee dat sinn da Kompromësser déi een agoe muss.

Ween also nach ob der Sich no engem passende Kaddo fir Frënn oder Famill ass dee kann sech esou en Gerät präiswäert um Internet bestellen oder esouguer en Emulator fir Android Handyen eroflueden an drop lass zocken.

Lauschter hei!