Wien ëmmer eng Kéier Member vun de Ghost Busters wollt sinn, kann sech d'Spill Phasmaphobia zouleeën.

Lauschtert hei de Reportage

Am Spill Phasmaphobia spillt een e Geeschter-Jeeër, deen a verschidde Levelen divers Jobs erleedege muss. Dobäi verdéngt ee Suen an kann an ëmmer bessert Material investéieren. Upgrades, déi spéider am Spill och nach wichteg solle ginn.

De But ass et, an der Nuecht an engem Haus dat Zëmmer ze fannen, an deem e Geescht lieft. Dofir kënnt dir d'Temperatur moossen, Kameraen oder Paranormal-Aktivitéits-Sensoren opbauen. Dobäi kommen och nach UV-Luuchten, Kruzifixer a sougenannte Geeschter-Boxen. Dës hëllefen Iech mam Geescht Kontakt opzehuelen.

D'Missioun ass elo entweder de Geescht ze fotographéieren oder selwer eng paranormal Aktivitéit ze erliewen. Wien de Geescht allerdéngs begéint oder sech net mat Zäite verstoppt, deen huet selwer Game Over virun Aen.

Phasmaphobia ass am Prinzip e Single-Player Survival-Horror-Game exklusiv fir PC. Awer kënne bis zu véier Leit zesummen zocken. D'Spill ass aktuell nach als Early-Acces a via Steam ze kréien. Fir den extra Grujel-Faktor kann een d'Spill och nach am VR-Modus zocken.