Verschiddene Rumeuren no soll am Januar eng nei Versioun vun der Nintendo Switch an engem Nintendo Direct ugekënnegt ginn.

Genau wéi d'Xbox an d'Playstation, soll och Nintendo dëst Joer eng Pro Versioun vun der beléifter Nintendo Switch erausbréngen.

September 2019 ass d'Lite Versioun verëffentlecht ginn. Dës kann ee leider net mam Fernsee verbannen, mee ass dofir méi präiswäert. Zanterdeem dës Versioun an de Geschäfter opgetaucht ass, gëtt an online Foren vill gemunkelt. Säit längerem gëtt nämlech iwwert eng Pro Versioun vun der Nintendo Switch spekuléiert.

En Date-Leak behaapt elo dass den 11. Januar 2021 an enger Pressekonferenz vun Nintendo, d'Nintendo Switch Pro ugekënnegt soll ginn. Dës soll den 23. Abrëll 2021 dann op de Maart kommen. Spill-Technesch soll dann en neie Mario Kart, Splatoon, eng Fortsetzung vu Legend of Zelda a vill méi erauskommen, esou de Leak. Nintendo selwer huet sech awer nach net dozou geäussert an och näischt konforméiert. Virun allem ass nach keng Konferenz annoncéiert ginn.

Experte rechnen awer domadder dass et definitiv eng Pro Versioun wäert ginn. Si sinn awer net sécher op Datumer aus dem Leak stëmmen a spekuléieren dass se eréischt Enn dës Jores op de Marché komme wäert.

Ännere soll sech virun allem d'Hardware. Den Infoen no, ass d'Switch Pro méi performant a soll 4K kompatibel sinn. Dat awer just am "Docking-Mode", also wann ee se mam Fernsee verbënnt. Am Handheld-Mode huet een dann nach ëmmer HD Qualitéit.  Ausserdeem sollen d'Kontroller iwwerschafft ginn. Vläicht gëtt dann och de Problem mam Joycon-Drift behuewen. Duerch d'Material-Ofnotzung kann et nämlech geschéien dass de Joystick an eng Richtung zitt. D'Hybrid-Konsol soll dann ëm 400$ kaschten.