D'Gaming-Welt trauert aktuell ëm de Jonas Neubauer.

De 6. Juni 1984 ass Tetris op de Marché komm. E Kultspill, dat bis haut Millioune vu Fans weltwäit begeeschtert. Bis haut ginn esouguer reegelméisseg nach Turnéieren organiséiert, fir déi bescht Tetris-Spiller ze kréinen.

Ee vun de bekanntsten Tetris-Gamer war de Jonas Neubauer. Den 39-järegen Amerikaner war net nëmme bekannt dofir, en Talent fir Tetris ze hunn, ma en war och 7-fache Weltmeeschter am Classic-Tetris. Ouni et ze wëllen huet hien am Joer 2018 och e Weltrekord opgestallt. An manner wéi 2 Minutten huet hien et fäerdeg bruecht, iwwer 300.000 Punkten ze erreechen.

De 4. Januar sollt de Jonas Neubauer onerwaart verstierwen an hannerléisst d'Gaming-Welt an Trauer.