© Screenshot Razer
Nodeems Razer scho lescht Joer Maske produzéiert a gespent huet, presentéiert d'Entreprise elo de Prototyp vun enger Gaming-Mask.
De Corona-Virus wäert eis warscheinlech och am Joer 2021 begleeden. Experte soen, dass och nom Impfstoff eng Mask bei Veranstaltung warscheinlech wäert Flicht sinn. Fir also vir zukünfteg E-Sport-Events preparéiert ze sinn, huet de bekannte Gaming-Hiersteller Razer elo e Prototyp vun enger Gaming-Mask op der CES zu Las Vegas presentéiert.
Wéi Razer preziséiert, soll de Project Hazel eng Alternativ zu den ëmweltschiedleche Masken aus dem Alldag sinn. Hei gëtt de Standard vun enger FFP2-Mask viséiert, déi Bakterië bis zu 95% filtere sollen. D'Mask ass transparent, vir dass déi sozial Interaktioun duerch d'Gesiichts-Mimik erëm am Virdergrond stoe soll.
Fir bei E-Sport-Event effektiv kommunikéieren ze kënnen, huet d'Mask net just en integréierte Mikro, ma och integréiert Lautsprecher. Wéi et bei Razer typesch ass, dierf natierlech och déi gewinnten RGB-Beliichtung net feelen. D'LED-Kreesser ronderëm d'Filter bidde 16,8 Millioune verschidde Faarf-Kombinatiounen, déi ee per App steiere kann.
Mat der Mask soll eng Këscht matgeliwwert ginn, mat där een d'Mask transportéiere kann. Dës soll zäitgläich d'Lautsprecher an d'LED-Luuchten oplueden an d'Mask mëttels UV-Luucht desinfizéieren. Och d'Filter wieren dem Hiersteller no, austauschbar.
Aktuell gëtt et vum Project Hazel just e Prototyp. Wéini d'Mask op de Marché kënnt, respektiv wat se kascht, ass nach net gewosst.