No ville Joren huet Steam et endlech färdeg bruecht hire Storen och de Chinesen unzebidden a si sinn net domat dei eenzeg mä Sony huet et och hikritt.
Highscore Reloaded
China ass u sech jo bekannt fir ee strengt Zenséieren.
A bis lo sinn och ëmmer Spiller wéi PUBG kopéiert gi well déi Original ze brutal waren.
Sony hat an der Vergaangenheet och e puer mol probéiert hier Playstation an d'Land ze brénge mä dëst ass ni zougelooss gi wéinst dem Store wou een déi "brutal" Spiller och konnt kréien.
Steam schafft schonn zënter enger gewëssener Zäit drun hiren Store fir d'Chinesen unzepassen.
Dëst ass och hinnen gelongen.
Den 9. Februar ass den Store dann och online gaangen an et waren zu dem Zäitpunkt nëmmen 53 Spiller mat DLC ze kréien, déi zu dem Zäitpunkt entweder iwwersat waren oder komplett ugepasst.
Aktuell si schonn 733 Spiller op der neier Plattform.
Wéi Steam et beschreift, ass den Boom méi grouss wéi erwaart.
Et schéngt wei wann d' Chineesesch Gamer genau sou gearen zocken wei d' restlech Gamer, mä do drop kommen ech méi spéit nach eng kéier zeréck.
Dei gutt Nouvellen ginn dann och weider, well déi nei Playsation 5 déi schonn lescht Joer bei eis gestart ass, ass an China ëmmer nach net erhältlech.
Awer no den leschten Informatiounen soll se am zweeten Quartal awer och an China ukommen an dat mat engem ugepassten Store.
An China gëtt et net nëmmen een Problem wat den Contenue vun den Spiller ubelaangt, mä et gi och d' Spillzäiten kontrolléiert.
Spiller ënnert 18 Joer kennen zum Beispill net méi laang wei 90 Minutten pro Dag spillen an och net vun 22 Auer Owes bis 8 Auer Moies.
Trotz den staarken Restriktiounen, gëllt China als 2 gréissten Gaming Marché op der Welt.