Den Joe Biden ass ewéi et schéngt net nëmmen de President mee och ee Gamer.

Den Joe Biden huet all Hänn voll ze dinn mat senger Roll als neie President vun den USA.

Lauschtert hei !

Heiansdo verbréngt hien awer och gäeren e bëssen Zäit mat senger Famill am Camp David.

A wéi verbréngt hien se dann am léifsten ?

Hie spillt mat senger Enkelin Naomi am léifste Mario Kaart an dat Bescht ass, dass de Biden senger Enkelin d'Schläiff gëtt.

Dat beweist och, dass hien mat deene Jonke mathale kann.
Déi Zwee souzen op richtegen Arkade Maschinnen mat Steierrieder, an do konnt ee seng Fuerkënscht ënner Beweis stellen.

Wéi et schéngt huet de Secret Service do emol eng Ausnam gemaach an den President selwer fuere gelooss.