Nintendo Switch Besëtzer opgepasst - et kommen eng ganz Rëtsch nei Spiller fir d'Switch op de Marché!

Lauschter hei!

Wie sech den Ament doheem langweilt an eng Nintendo Switch huet, dee ka sech freeën. Et gouf nämlech net nëmmen ee Spill, mee eng ganz Rei ugekënnegt, genuch fir d'Zäit bis nächst Joer ëmzekréien.

Esou kënnt zum Beispill "Fall Guys" op d'Nintendo Switch. E Spill wat d'lescht Joer fir e risegen Hype an der Gamer Community gesuergt huet. Do kann ee sech da mat bis zu 60 Spiller chaotesch Online-Kämpf an engem nach méi chaotesche Parcours ofliwweren, bis just nach een iwwereg ass.

E weidert neit Spill ass "Splatoon 3" wat fir 2022 geplangt ass. Hei muss een als Inkling oder Octoling, probéieren, méi vun der Arena a senger Team-Faarf ze bedecke wéi de Géigner. Dat ganzt mat modifizéierte Waffen, déi mat Tënt als Munitioun schéissen. Spillspaass an Action ass garantéiert.

Weider geet et mam beléifte Mann a Rout, dem Mario an zwar gräift hien no iwwer 7 Joer erëm zum Golfschléier, mat "Mario Golf: Super Rush!" Wiem Mario Tennis gefall huet, dee wäert sech och gutt bei enger "abenteuerlecher" Partie Golf mat Luigi, Peach a Co amuséieren.

Fir d'Leit déi no engem "Action-Adventure" Spill sichen, fir déi ass "Legend of Zelda: Skyward Sword HD" genau dat richtegt. E Remake vun der 2011 Wii Versioun. Den Highlight hei ass de Motion Control System. Esou kann ee mam rietse Controller dem Link säi Schwäert a mam lénke säi Schëld kontrolléieren, wat dat ganzt nach vill méi interaktiv mécht. Natierlech kann een awer och am Handheld-Modus spillen.

De ganzen Nintendo Direct kann ee sech hei ukucken: