Souwuel Filmer wéi och Serie stinn de Moment op der "To Do"-Lëscht vun Netflix.
Netflix ass jo gefillt déi eenzeg relevant Streamingplattform well se reegelméisseg neie Contenu erausbréngen, an dat an engem Tempo, wéi een en nach net kannt huet.
Netflix huet dann elo och eng Rëtsch nei Projete virgestallt an déi si fir Gamer/Geeks ganz interessant.
Net nëmme sinn 22 nei Projete virgestallt ginn, mee et sinn och nëmme grouss Titelen.
Et sinn haaptsächlech Titelen dobäi wéi Vikings Valhala aus der Spillréi Assassin‘s Creed oder Cyberpunk, mee et sinn och Titelen dobäi ewéi Splintercell.
Documentatioun iwwert d‘Affär Gamestop, a mäi Favorit Tomb Raider.
An der Vergaangenheet goufen et scho Filmer iwwert Videospiller, entweder waren se nëmme mëttelméisseg oder schrecklech schlecht. Zum Beispill de Film Pixels aus dem Joer 2015.
Wéi bei allem soll een d‘Erwaardung niddreg hale wëll et kéint och geschéien dass verschidden Titelen ni erauskomme wäerten.