Am Spill geet et ëm eng Staat déi lues awer secher versenkt, mee daat eenzecht wat zur Zait versenkt ass den Videospillentwëckler.

Lauschtert Hei !

The Sinking City ass een Horror Spill vum Ukraineschen Videospillentwëckler Studio Frogwares, 
bekannt sinn se ginn duerch hier Sherlock Holmes Rei.
(2002-2016)
Sherlock Holmes: Das Geheimnis der Mumie
Sherlock Holmes: Das Geheimnis des silbernen Ohrrings
Sherlock Holmes: Die Spur der Erwachten
Sherlock Holmes vs. Arsène Lupin
Sherlock Holmes jagt Jack the Ripper
Das Testament des Sherlock Holmes
Sherlock Holmes: Crimes & Punishments
Sherlock Holmes: The Devil’s Daughter

Déi Erfahrung hunn sie dann och konnten bei hierem néien Horror Detectiv Spill benotzen, daat am Joer 2019 fier déi eichte Keier op den Marché komm ass.

All gudde Studio huet och grouss Publisher hannert sech stoen,
an dësem Fall waren et déi franséich Publisher Nacon an Bigben Interactiv.

Eier dass sou een Spill produzéiert gëtt, ginn fierdrun Verträg opgestallt déi kloër stellen wat Bezuelungen sinn an och Rechter.
Am Fall vum dësem Spill ass Frogware den Besetzer iwert d'Spill an d'Publisher déi eenzech sinn déi dat Spill verkaafen dierfen.

Nodems d'Spill den 25. Juli an d'Rayonen komm ass, sinn d'Problemer lass gaang.
Nacon an Bigben Interactive hunn net wéi ausgemaach d'Entwëckler bezuelt.
An och no méifacher Nofro ass keng Réaktioun vun hinnen komm.

Am August 2020 huet de Studio aus Protest décidéiert d'Spill vun Steam an Uplay erof ze huelen.
Dëst ass natierlech op d'Geriicht gaang, an huet dozou gefouert dass d'Entwëckler d'Spill erem op Steam gesaat hunn an d'Pulisher sie missten ausbezuëlen.

Nodems awer d'Spill erëm op Steam war, huet de Studio no Verkaafszuëlen gefroot.
No méifacher Nofro, kruten sie dann och effektif Verkaafszuëlen vun engem Briedspill iwert d'Spill "The Sinking City", wat eigentlech nie mat den Entwëckler ausgemach war.

An nach eng Keier huët Frogware d'Spill  vun Steam erof geholl.

Virun ë puer Wochen ass op Steam d'Spill erëm opgetaucht, awer net vum Entwëckler.
Elo warnt den Entwëckler dei Versioun net ze kaafen, wëll et eng onfärdech an aal Versioun ass.
Léit dei, déi Versioun kaafen riskéiren keng Updates an Zukunft ze kréien.